Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Digitaliséierung weiderzeleeden.
De Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) huet confirméiert, datt et den 20. Januar 2025 tëschent 07:58 Auer an 08:39 Auer zu enger DDoS-Attack op verschidde staatlech Internetsäite komm ass, déi ënner dem Domain „public.lu“ gehost ginn. Wärend ronn 41 Minutte waren dobäi verschidde Servicer, dorënner beispillsweis „myGuichet.lu“, net erreechbar.
Bei enger DDoS-Attack ginn d’Internetsäiten duerch massiv Ufroen iwwerlaascht, sou datt se fir d’Benotzerinnen a Benotzer net méi accessibel sinn. Et ass net déi éischte Kéier, datt de CTIE vun esou Attacke viséiert gëtt.
An deem Zesummenhang wéilt ech gären follgend Froe un d’Madamm Minister fir Digitaliséierung stellen:
Wéi eng staatlech Internetsäite waren den 20. Januar 2025 konkret betraff a wéi laang waren déi jeeweileg Sitten net accessibel?
Kann Madamm Minister preziséieren ob et sech ëm eng vereenzelt an isoléiert Attack gehandelt huet oder ass se a méi engem grousse Kontext ze gesinn a steet am Zesummenhang mat deenen anere rezenten Attacken ?
Leeft d’IT-Infrastruktur vum CTIE iwwer d’Post? Wa jo, ass d’Attack bei der Post geschitt oder direkt beim CTIE ?
Wéi séier konnt déi Attack detektéiert ginn?
Wéi eng Sécherheets- a Schutzmoossname waren zu deem Zäitpunkt aktiv a hunn dës Moossname wéi virgesi gegraff?
Gëtt et Hiweiser iwwert d’Hierkonft vun der Attack ?
Waren nieft staatleche Säiten och privat Entreprise viséiert?
Kann d’Madamm Ministesch ausschléissen, datt Donnéeë geklaut gi sinn oder et zu soss engem Schued komm ass?
Wéi eng konkret Verbesserungen si virgesinn, fir d’Resilienz géint änlech Attacken zousätzlech ze stäerken?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert