Éischt Fraktiounssëtzung 2026

No engem Chamber-Marathon déi Woch viru Chrëschtdag, sinn d'Deputéiert nom Joreswiessel mat opgetankte Batterien a voll motivéiert an déi éischt Fraktiounssëtzung vum Joer gaangen. Nieft engem Austausch mat den CSV-Ministere stoung den Agenda vun den nächste Wochen a Méint um Ordre du Jour. D'CSV-Deputéiert sinn och gewëllt am neie Joer de Koalitiounsprogramm, an deemno och d'CSV-Verspriechen, ëmzesetzen.