De Rapport vum Budgetsgesetz 2026 gëtt haut vum CSV-Deputéierte Maurice Bauer an der Chamber virgestallt. Als Schwéierpunkt huet hien sech de Kampf géint Aarmut virgeholl. Hien beliicht déi sozial Mesuren, déi bestinn, awer och déi, déi geholl gi sinn a formuléiert 16 Recommandatiounen (v. Säiten 159-163 vum Rapport).
A senger Ried huet de Rapporteur d’Haaptlinne vun der Regierungspolitik a vum Finanzminister Roth sengem Budget kloer erausgestrach: wirtschaftlech Virsiicht an engem onséchere weltwäite Kontext, gezielt antizyklesch Investissementer an en entschlossene Kampf géint d’Aarmut – besonnesch géint d’Kanneraarmut. De Budget steet ënnert dem Motto „Matenee wuessen“ a verbënnt wirtschaftlech Stabilitéit mat sozialem Zesummenhalt a laangfristeger Nohaltegkeet, sou de Rapporteur.
D’lëtzebuergesch Wirtschaft: lues, mee reell Erhuelung
D’Weltwirtschaft befënnt sech an enger Phas vu grousser Onsécherheet. Handelskonflikter, geopolitesch Spannungen a fragil Produktiounsketten bestëmmen de globale Kontext. No Rezessioun a Stagnatioun an de leschte Jore weist d’lëtzebuergesch Wirtschaft awer éischt Zeeche vun Erhuelung. Den STATEC rechent fir Lëtzebuerg fir dëst Joer mat engem wirtschaftleche Wuesstem vun 1% a mat ëm déi 2% am Joer 2026. „Ouni Wuesstem gëtt et kee Sozialstaat, keng ekologesch Transitioun a keng sozial Kohäsioun.“
Mat Investissementer vu 4,8% vum PIB erreecht de Staat en historesche Rekord. „Mir investéieren a Land a Leit esou wéi an Infrastrukturen an dëst a méi schwieregen Zäiten, ewéi nach 2024 ugeholl“, lueft de Maurice Bauer dësen antizyklesche Budget.
PIBien-être: Liewensqualitéit am Fokus
De Budget 2026 bréngt awer och eng Rei Neierungen, déi d’Transparenz an d’Steierbarkeet vun den ëffentleche Finanze verbesseren. Dorënner: eng Risikoanalys vun de Staatsfinanzen no europäesche Critèren, Zënsszenarien, e neit, detailléiert Kapitel zu de Staatsrecetten, Objetiver an Indicateure fir all Ministèren, an d’Aféierung vum PIBien-être. „E Budget ass net nëmmen eng Lëscht vu Recetten a Käschten – e Budget ass en Instrument, dat d’Liewen am Land soll verbesseren.“
Dëse neien Usaz geet iwwer de klassesche PIB eraus a moosst de wirtschaftleche Succès och un der Liewensqualitéit, der Gesondheet, der sozialer Sécherheet an der Ëmwelt. Resultat: 4,9 Milliarden Euro, also ronn 15% vum Staatsbudget, fléissen direkt an eng Verbesserung vun de Liewensbedingungen – besonnesch an d’Bekämpfung vun der Aarmut, d’Stäerkung vun der Kafkraaft an den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum. „Mat dësem Budget huet de Finanzminister een neie Meilesteen a Saachen Transparenz geschaf. Dorop kann een houfreg sinn.“
Aarmutsbekämpfung mat enger klorer, méi cibléierter Sozialpolitik
Den Aarmutsrisiko ass laut STATEC 2024 par Rapport zu 2023 vun 18,8 op 18,1 % zeréckgaang. Op mannst schéngt den Trend vum leschte Joerzéngt an dem den Taux vum Aarmutsrisiko eropgaang ass, fir de Moment gestoppt. Mat 14,99 Milliarden Euro ginn och am Budget 2026 ronn 46 % vun de Staatsausgabe fir sozial Transferten agesat – trotz héijen Ausgaben am Beräich vun der Verdeedegung.
D’Zil ass eng kohärent, transversal a gezielt Aarmutsbekämpfung iwwer all Ministèren ewech. Zanter 2023 goufe vill konkret Mesuren ëmgesat. „Mesuren, déi fir eng kloer a méi cibléiert Sozialpolitik stinn: Steierentlaaschtunge fir Elengerzéiend, Erhéijung vum soziale Mindestloun, Upassunge bei Sozialleeschtungen a substantiell Energiehëllefen.“
Eng wichteg Neierung ass d’Automatiséierung vu soziale Leeschtungen, déi de Phenomeen vum net an Usprochhuelen däitlech reduzéiert huet. Am Joer 2025 hu bis den Oktober méi wéi 12.000 Stéit automatesch vun dësen Hëllefe profitéiert – eng Hausse vu ronn 25 % par rapport zum Joer virdrun „All Mënsch soll déi Hëllefe kréien, déi him zoustinn. Et sinn Ayants-droits a keng Bittsteller.“ De Maurice Bauer begréisst, dass dëse Systemwiessel am neien Aarmutsplang ausgebaut gëtt.
Besonnesche Schwéierpunkt: Kanneraarmut
Besuergneserreegend bleift d’Situatioun bei der Kanneraarmut: Bal e Véierel vun de Kanner zu Lëtzebuerg ass vum Aarmutsrisiko betraff. De Budget 2026 setzt hei gezielt Akzenter, ënner anerem duerch méi Mëttel fir d’Zukunftskeess, nei Mesuren aus dem nationalen Aarmutsplang an eng verstäerkt Ënnerstëtzung vu vulnerabele Familljen.
„Eng Politik géint d’Kanneraarmut ass keng Almosenpolitik – si ass eng Investitioun an d’Zukunft.“ Fréi Fërderung, besonnesch an den éischten 1.000 Deeg vum Kand, gëllt als Schlëssel fir de Kreeslaf vun der generatiounsiwwergräifender Aarmut ze duerchbriechen.
Triple A als Fundament vum Sozialstaat
Zum Schluss huet de Rapporteur d’Wichtegkeet vum Triple-A-Rating ënnerstrach. Et garantéiert niddreg Finanzéierungskäschten, Vertrauen op de Mäert an domat d’finanziell Basis fir e staarke Sozialstaat – den „Triple S“. Den Defizit beim Zentralstaat wäert 2026 bei 1,49 Milliarden Euro leien. De Gesamtstaat wäert 2025 viraussiichtlech mat engem Defizit vu 706 Milliounen Euro ofschléissen, wat 0,8% vum PIB ausmécht. Mee fir 2026 soll sech de Solde op -408 Milliounen Euro verbesseren, dat sinn 0,4% vum PIB.
Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun, den 16.12.2025