Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur UNWRA un den Här Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete weider ze leeden.
Am Kader vun der aktueller geopolitescher Lag an de reegelméissegen Debatten iwwer d’Roll an d’Evaluatioun vun der United Nations Relief and Works Agency for Palestine Refugees in the Near East (UNRWA) ass et wichteg, d’Positioun an d’Engagement vun der Lëtzebuerger Regierung transparent an nohalteg ze analyséieren. Well Lëtzebuerg sech traditionell fir international Solidaritéit an humanitär Hëllef asetzt, stellt sech d’Fro, wéi héich d’Finanzéierung vun der UNRWA an de leschte Joren ausgefall ass, wéi dës Mëttele benotzt goufen an op wéi enger Basis d’Regierung hir Ënnerstëtzung bewäert.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
- Kann d’Regierung fir all Joer zanter 2007 bis haut detailléiert oplëschten, wéi héich d’finanziell Bäiträg vu Lëtzebuerg un d’UNRWA waren (opgeschlësselt pro Joer)?
- Fir all dës Bäiträg zanter 2007: Fir wéi eng konkret Programmer oder Projet‘e goufen d’Mëttele verwent (z. B. Educatioun, Gesondheetsservicer, humanitär Nouthëllef, Infrastruktur, administrativ Käschten, asw.)?
- Op wéi eng Manéier kontrolléiert an evaluéiert d’Regierung d’Benotze vun de Lëtzebuerger Suen duerch d’UNRWA (z. B. duerch Audit-Berichter, Evaluatiounsvisitten, Rapporte vun Drëtten, intern Risikoanalysen, asw.)?
- Wéi kann d’Regierung sécherstellen, datt keng vun de Mëttele mat lëtzebuergescher Origine – weder direkt nach indirekt – terroristeschen Organisatiounen, dorënner besonnesch Hamas, zougutt kommen? Wéi eng konkret Kontroll- a Sécherheetsmechanismen (Due-Diligence-Prozeduren, Konditiounalitéiten an de Konventiounen, systematesch Screening-Instrumenter, asw.) ginn a Relatioun mat der UNRWA applizéiert?
- Hunn d’Regierung oder hir Verwaltungen zanter 2007 zu iergendenger Zäit Indizien oder konkret Hiweiser kritt, datt Mëttele vun der UNRWA, un deenen och Lëtzebuerg sech bedeelegt huet, kéinten – direkt oder indirekt – vun Hamas oder aneren terroristeschen Organisatiounen exploitéiert oder mëssbraucht gi sinn? Wa jo, wéi eng Conclusiounen an Decisiounen huet d’Regierung aus dësen Informatioune gezunn?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt si aktuell eng zouverlässeg Garantie gëtt, datt Hamas net vun de Mëttelen, déi iwwer d’UNRWA aus Lëtzebuerg finanzéiert ginn, profitéiert? Wa jo, op wéi enger Basis gëtt dës Garantie gestëtzt, a wéi eng Re-Evaluatiounen si geplangt oder fanne reegelméisseg statt?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Zeimet
Députéierten