Wéi héich sinn d’staatlech Mëttel zënter 2007 bei ONGD-Projeten am Gazasträif a wéi ginn Zouwendungen akkreditéiert a kontrolléiert, fir Mëssbrauch auszeschléissen?

Laurent ZEIMET

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur UNWRA un den Här Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete weider ze leeden.

Am Kontext vun der humanitärer Situatioun am Gazasträif an der Roll, déi international a lëtzebuergesch Organisatiounen do spillen, ass et wichteg, d’Finanzéierungsstréim an d’Evaluatiounskrittäre vun de lëtzebuergeschen ONGD'en transparent kënne nozevollzéien. Well verschidde vun dësen Organisatiounen zanter ville Joren humanitär- an Entwécklungsprojeten am Gazasträif ëmsetzen an dobäi ënner anerem op ëffentlech Mëttel zeréckgräifen, stellt sech d’Fro, wéi dës Projeten akkreditéiert, kontrolléiert a finanziell ofgeséchert ginn. 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  1. Wéi héich waren, zanter 2007, am Ganze gesinn d’Budgetsmëttel, déi iwwer lëtzebuergesch ONGD'e fir Projeten am Gazasträif agesat goufen (opgeschlësselt pro Joer)?

  2. Kann d’Regierung fir all Joer zanter 2007 bis haut oplëschten, wéi eng lëtzebuergesch ONGD'e finanziell Mëttele vum Staat kruten, déi – ganz oder deelweis – fir Aktivitéiten oder Projeten am Gazastreifen bestëmmt waren (opgeschlësselt pro Joer a pro ONGD)?
  3. Fir all déi betreffend ONGD'en: Fir wéi eng konkret Projeten oder Programmer am Gazasträif goufen dës Mëttele agesat (z. B. Educatioun, Gesondheetsversuergung, Infrastrukturverbesserung, Nouthëllef, psychosozial Betreiung, asw.)?
  4. Wéi eng spezifesch Risiko- a Kontrollmechanismen applizéiert d’Regierung fir Projeten am Gazasträif, déi iwwer ONGD'e finanzéiert ginn, fir sécherzestellen, datt dës Mëttele weder direkt nach indirekt der Hamas oder aneren terroristeschen Organisatiounen zougutt kommen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Zeimet