Wéi eng Moossname gedenkt d'Regierung géint d'Hotelstierwen ze huelen?

Charel WEILER
Ricardo MARQUES

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

An deene leschte Joren sinn am ländleche Raum, awer och op villen anere Plazen uechter d’Land, eng Rei Hoteller zougaangen. 

Dës Hoteller, déi vu Famillen oft iwwer Generatioune mat Erfolleg gefouert goufen, hunn hir Diren net méi op gemaach, well kee Repreneur do war. Dëst ass bedauerlech, an et hannerléisst ee Lach an der Offer fir Iwwernuechtungen ausserhalb vun der Stad Lëtzebuerg. Ausserdeem bleiwen d’Gebaier vun deenen Hoteller oft iwwer Joren eidel stoen, wat och een negatiivt Bild op eis Uertschtaften am ländleche Raum werft.

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung eng Rei Mesuren ugeduet, fir esouwuel den Tourismus am ganze Land ze dynamiséieren, an och fir de Kleng- a Mëttelbetriber, besonnesch de Familljebetriber, ënnert d’Ärm ze gräifen.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen:

  1. Wéi huet sech d’Offer fir Iwwernuechtungen an Hoteller ausserhalb vun der Stad Lëtzebuerg an deene läschten 10 Joer entwéckelt?

  2. Wéi vill Hoteller hunn ausserhalb vun der Stad Lëtzebuerg an deene leschte 10 Joer zougemaach?

  3. Wéi eng Mesure gedenkt den Här Minister ze huelen, fir där Entwécklung entgéint ze wierken?

  4. Wéi gedenkt den Här Minister dem Secteur vun der Hotellerie ze hëllefen, fir déi néideg Invester an d’Moderniséierung vun den Hoteller ze ënnerhuelen?

  5. Wéi gedenkt d’Regierung, de Famille beim Weiderféiere vun hire Betriber ze hëllefen?

  6. Wéi gedenkt d’Regierung, de Gemengen am Fall vun eidel stoende Gebaier ze hëllefen, dës nees ze beliewen?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

                                        

Charles Weiler                                            Ricardo Marques

Députéierten                                               Députéierten