Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister an un d'Madamm Minister fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau weiderzeleeden.
D’asiatesch Runn (Vespa velutina) ass am Summer 2020 eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg nogewise ginn an huet sech duerno séier am Land ausgebreet. Eleng 2024 goufen 123 Näschter zerstéiert. Bei der Vespa velutina handelt et sech ëm eng invasiv Aart, déi ursprünglech aus Asien kënnt an haaptsächlech iwwer Frankräich op Lëtzebuerg agewandert ass.
Laut der « Union internationale pour la conservation de la nature » (UICN) ginn invasiv Aarten als déi drëttwichtegst Ursaach fir de Verloscht vun der weltwäiter Biodiversitéit ugesinn. Déi asiatesch Runn stellt e grousse Problem fir d'Imker a Beieleit duer, well des Aart geziilt d’heemesch Hunnegbei attackéiert.
D’Veruerdnung (EU) Nr. 1143/2014 vum 22. Oktober 2014 iwwer d’Präventioun an d’Gestioun vun invasiven Aarte stellt d’gesetzlech Grondlag vun dësem Engagement um EU-Niveau duer. Si verflicht d’Memberstaaten, koordinéiert Moossnamen ze huelen, fir d’Verbreedung vun dësen Aarten ze verhënneren an ze geréieren. Op nationalem Niveau huet d’Gesetz vum 2. Juli 2018 verschidde Modalitéite fir d’Ëmsetzung an d'Sanktiounen am Kader vun der EU-Veruerdnung Nr. 1143/2014 festgeluecht. D’Bekämpfung vun dësen Aarte gehéiert och zu den Haaptverflichtunge vu Lëtzebuerg am Kader vun den Ziler, wéi se am 3. Nationale Plang fir de Schutz vun der Natur festgehale sinn. An dësem Kontext huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB), zesumme mam Koordinatiounsgrupp fir invasiv gebiitsfriem Aarten, eng national Strategie entwéckelt. D’Haaptziler si Präventioun, Fréierkennung a séier Eliminéirung, Gestioun a Sensibiliséierung souwéi Formatioun.
An deem Kader wëll ech der Madamm Ministesch an dem Här Minister follgend Froe stellen:
- Gëtt et eng Analys, wéivill Beievëlker schonn zerstéiert gi sinn vun der asiatescher Horniss?
- Wéi vill Näschter vun dëser Spezies goufe bis elo insgesamt zu Lëtzebuerg detektéiert a wéi vill sinn der onschiedlech gemaach ginn?
- Wéi eng konkret Moossnamen ergräift d’Regierung aktuell, fir d’Ausbreedung vun der asiatescher Runn aktiv anzeschränken oder ze kontrolléieren?
- Wéi gëtt d’Koordinatioun tëscht der Naturverwaltung, de Gemengen, an de Beieverbänn organiséiert?
- Wat mécht d’Regierung, wann sech d’Näschter vun der asiatescher Runn op privatem Terrain befannen?
- Wien kënnt fir d’Käschten op, wann Näschter onschiedlech gemaach muss ginn?
- Gëtt et e Monitoring, deen den Impakt vun der Vespa velutina op d’Biodiversitéit analyséiert, a wa jo, wat sinn d’Resultater vun dëser Analyse?
Denkt d’Regierung iwwert eng Meldepflicht no, wann en Nascht mat asiatesche Runnen entdeckt gëtt?
- Wéi kënnen déi zoustänneg Instanzen den Imker a Beienziichter hëllefe bäi dëser Plo?
- Ginn et Méiglechkeete vun Entschiedegung fir de Verloscht vun Hunnegbeiestäck duerch Attacke vun asiatesche Runnen?
- Ass d’Regierung am Austausch mat den Nopeschlänner (Frankräich, Däitschland, Belsch), fir eng grenziwwerschreidend Koordinéirung am Kampf géint dës invasiv Aart opzebauen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Octavie Modert
Députéiert