Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Am Kader vun der Energietransitioun an der Stäerkung vun der Resilienz vum nationale Stroumreseau mussen nei Stroumleitunge gezu ginn. Dofir gi Pylônen dacks op Privatterrain installéiert.
D’Proprietäre stellen an der Reegel hiren Terrain iwwert de Wee vun enger Servitude respektiv vertraglecher Zur-Verfügungstellung fir eng festgeluechten Dauer zur Verfügung. Wéinst der dauerhafter Aschränkung vun der Notzung vum Terrain kréien si als Géigeleeschtung eng Indemnitéit. An dësem Kontext stellt sech d’Fro, wéi dës Indemnitéite steierlech klasséiert a behandelt ginn a wéi dës Zort vu Revenuen ze deklaréiere sinn. Weider stellt sech d’Fro, ob a inwifern den ëffentlechen Notzen an de Fakt, dass et sech em eng fir d’Land kritesch Infrastruktur handelt, eng speziell steierlech Behandlung vun dësen Indemnitéite rechtfäerdegt oder virgesäit.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen
Wéi ginn Indemnitéiten, déi am Kader vu Servituden oder vertraglecher Zur-Verfügungstellung vu Privatterrain fir Pylônen a Stroumleitunge bezuelt ginn, steierlech consideréiert a wéi sinn dës ze deklaréieren?
Gëtt de Fakt, datt et sech ëm en ëffentlechen Notze respektiv kritesch Infrastruktur handelt steierlech berücksichtegt ?
Falls kee spezielle Regime virgesinn ass, gesäit d’Regierung Handlungsbedarf fir eng Reegelung an dësem Sënn ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Deputéiert