Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Et ass gewosst, datt déi aktuell gesetzlech Dispositioune, déi d’Organisatioun vun de Gemengeverwaltungen an déi kommunal Decisiounsprozesser reegelen, net méi an alle Punkten den haitege Realitéiten an Erausfuerderunge gerecht ginn.
Dëst trëfft ënnert anerem op d’Situatioun vun den Ingénieur-Directeurs an den Ingénieur-Directeurs adjoints vun den industrielle Gemengesyndikater zou, déi wichteg a kritesch Infrastrukture betreien. Obwuel d’Problematik schonn zënter laangem bekannt an och vun der viregter Regierung unerkannt gouf, feelt bis haut eng kloer juristesch Basis déi d’Funktioune vun de betraffene Posten definéiert.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister follgend Froe stellen.
Ass den Här Minister sech der uewe genannter Problematik bewosst ?
Ass den Här Minister bereet, déi néideg legislativ Ännerungen unzegoen - sief et um Niveau vum Gemengen- oder vum Syndikatsgesetz - fir d’Funktioune kloer ze reglementéieren ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Charles Weiler
Deputéieren