Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.
An deene leschten Deeg goufen et zwee Evenementer, déi verdäitlechen, wéi ofhängeg déi europäesch Wirtschaft vu China ass. Engersäits huet déi chineesesch Regierung decidéiert, der europäescher Rüstungsindustrie keng seelen Äerd méi ze liwweren. Dëst ass ee Réckschlag fir eis Pläng, als Europäer eng eegestänneg Verdeedegungskapazitéit opzebauen. Dës Weidere koum d’Nouvelle, dass sech nees eng Penurie vu Microchips an Europa ubahnt, déi an der Automobilindustrie wäert fir Retarden an der Produktioun suergen. Dëst wéinst engem Sträit tëscht der chineesescher an der hollännescher Regierung iwwert de Chipproduzent Nexperia.
Zu dësem Thema wéilt ech dem Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus follgend Froe stellen:
- Huet d’Regierung Kenntnis doriwwer, ob och lëtzebuergesch Betriber vum potenzielle Liwwerengpass beim Chip-Produzent Nexperia betraff sinn?
- Wéi ofhängeg sinn d’lëtzebuergesch Industriebetriber vu chineeseschen Importer vu seelenen Äerden a Mikrochippen? Huet d’Regierung konkret Zuele fir dës Ofhängegkeet ze erfaassen?
- Existéiert en nationalen oder europäeschen Noutfallplang fir de Fall, datt China de komplette Liwwerzougang vu seelenen Äerden an Europa géif zoudréinen?
- Wat ënnerhëlt d’Regierung konkret, fir d’Ofhängegkeet vun eiser Industrie vis-à-vis vu China vu seelenen Äerden ze reduzéieren?
- Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung am Conseil um europäeschen Niveau, wa Froen zur Schafung vun enger eegestänneger a resistenter europäescher Industriepolitik um Dësch leien?
- Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung am Conseil um europäeschen Niveau, wa Mesurë berode ginn, fir alternativ Importlänner vu seelenen Äerden a Mikrochippen z’entwéckelen?
- Ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch Regierung Contre-Mesuren als Äntwert op déi nei chineesesch Exportkontrollen a Verbueter? Falls jo, wéi eng Zort vu Mesuren hält d’Regierung a deem Kader fir ubruecht?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Alex Donnersbach
Deputéierten