Wou ass de Gesetzesprojet drun, fir dass de Pass eng Gültegkeet vun zéng Joer kritt?

Nancy ARENDT

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

 

A villen europäesche Länner huet de Pass eng Gültegkeet vun zéng Joer, zu Lëtzebuerg mussen Erwuessener hire Passport all fënnef Joer verlängere loossen. Zemools fir déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, geng dat eng grouss Erliichterung mat sech bréngen. 

 

Am Mee 2023 huet den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn an enger Äntwer op meng parlamentaresch Fro uginn, dass un engem Projet de loi geschafft geng ginn a dass vun 2025 un all Lëtzebuerger Pass eng Gültegkeet vun zéng Joer soll hunn. 

 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Ausseminister stellen:

 

  • Wou ass de Projet de loi drun ?
  • Gëtt nach ëmmer dru geduecht, fir un enger méi laanger Gültegkeet vu Passporten ze schaffen?
  • Wann net, fir wat ass dat esou?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt

    Deputéiert