Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Well d’Schüler am Kader vun engem obligatoresche Stage, dee méi wéi 4 Wochen dauert, musse bezuelt ginn, gëtt et ëmmer méi schwéier, fir genuch Plazen ze fannen. Besonnesch méi kleng Organisatioune sinn ofgesprongen. Zwar kréien si d’Sue vum Ministère rembourséiert, mee si hu Problemer, fir d’Sue virzestrecken. Mengen Informatiounen no besteet e.a. am Lycée Belval op den 2e an de 1ière Klassen en akute Mangel u Stageplazen. Obwuel d’Stagë Mëtt Oktober sollen ufänken, haten Ufank vum Mount nach bal 80 Schüler keng Stageplaz. An deem Kontext wollt ech follgend Drénglechkeetsfroen un den Här Educatiounsminister stellen:
- Kann den Här Minister bestätegen, datt et am Lycée Belval en akute Problem gëtt, wat d’Stageplaze fir d’Schüler vun den ieweschte Klassen ugeet?
- Wa jo, wéi vill Schüler sichen nach ëmmer no enger Plaz?
- Kann den Här Minister bestätegen, datt vill kleng Organisatioune keng Stageplaze méi ubidden?
Handelt et sech beim Lycée Belval ëm en Eenzelfall, oder hunn och déi aner Schoule Problemer, fir genuch Stageplaze fir hir Schüler ze fannen?
Wa jo, wéi vill Schüler hu Stand haut nach keng Plaz fir e Stage fonnt?
Wat gedenkt den Här Minister ze maachen, fir datt all Schüler eng Plaz fir en obligatoreschen Stage fënnt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Paul Galles, Deputéierten