Wéi wëll d'Regierung d'Verkéierssécherheet op den Nationalstroossen N12 an N18 um Territoire vun der Gemeng Wëntger no de rezente schwéieren Accidenter verbesseren?

Charel WEILER

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Laut rezente Medieberichter waren an de leschte Méint op den Nationalstroossen N12 an N18 um Territoire vun der Gemeng Wëntger e puer schwéier Verkéiersaccidenter, dorënner zwee Accidenter mat déidlechem Ausgang op der N12. D'Stroossebeem sollten hei eng negativ Roll gehat hunn. De Gemengerot huet sech dofir fir eng Iwwerpréiwung vun der Verkéierssécherheet op de concernéierte Strecken ausgeschwat a verschidde konkret Mesurë virgeschloen, ënner anerem d'Installatioun vu Leitplanken oder d'Forthuele vu verschiddene Beem op geféierleche Plazen. De Schäfferot huet sech an dësem Zesummenhang och schrëftlech un d'Madamm Ministesch geriicht.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:

  • Ass der Madamm Ministesch de Bréif vum Schäfferot vun der Gemeng Wëntger bekannt, a wéi ass den aktuelle Stand vun der Analys vun de virgeschloene Mesuren?

  • Gouf eng spezifesch Sécherheetsanalys fir d'Nationalstroossen N12 an N18 am Beräich vun der Gemeng Wëntger duerchgefouert? Wa jo, wat sinn déi éischt Erkenntnisser? Wann net, wäert dës Analys gemaach ginn?

  • Wéi eng Krittäre beaflossen Decisioune fir Stroossebeem laanscht Nationalstroossen unzeplanzen oder no Accidenter nees z'ersetzen, a wéi gëtt dobäi d'Verkéierssécherheet evaluéiert?

  • Ass d'Madamm Ministesch bereet d'Installatioun vu Leitplanken oder aner Sécherheetsmoossnamen fir déi concernéiert Stroossen ze evaluéieren?

  • Wéi eng weider konkret Mesurë gesäit d'Madamm Ministesch vir, fir d'Verkéierssécherheet op den Nationalstroossen N12 an N18 no de rezente schwéieren Accidenter nohalteg ze verbesseren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.                                                       

Charel WEILER
Deputéierten