Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Am Kader vum Projet „ALPHA – zesumme wuessen“ gëtt vun der Rentrée 2026/2027 un de Choix tëschent Däitsch a Franséisch als Alphabetiséierungssprooch progressiv am Enseignement fondamental generaliséiert.
Gläichzäiteg gëtt d’Offer vu Klassen, an deenen d’Unterrichtssprooch Franséisch ass, am Enseignement secondaire ausgebaut. Dem Aktivitéitsrapport 2025 vum Ministère no goufen am Schouljoer 2025/2026 a sechs Lycéeë franséischsproocheg 7e-Klassen am Enseignement secondaire général ugebueden.
Eisen Informatiounen no soll fir d’Rentrée 2026/2027 an iwwer 20 Lycéeën eng franséischsproocheg Filière respektiv eng Offer mat Franséisch als Haaptunterrichtssprooch agefouert oder ausgebaut ginn. Falls dës Informatioune stëmmen, géif et sech ëm eng substantiell Erweiderung vun der aktueller Offer handelen.
Dës Entwécklung werft Froen iwwer d’Strategie tëschent der Sproochepolitik am Enseignement fondamental an där am Enseignement secondaire op. Et ass och wichteg, dës Ausweidung am Liicht vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwer d’Wierksamkeet vun esou sproochleche Modeller ze betruechten.
Virun dësem Hannergrond stellen sech notamment d’Froen, wéi eng wëssenschaftlech Critèrë (z.B de LUCET Rapport, de scho vill Critèrë geliwwert huet) bei der Decisioun iwwer den Ausbau vun der franséischsproocheger Offer ugewant ginn a wéi assuréiert gëtt, datt dës Entwécklung mat enger kohärenter Sproochepolitik iwwert déi verschidden Niveaue vum Schoulsystem ewech entsprécht.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Kann de Minister confirméieren, datt vun der Rentrée 2026/2027 un an iwwer 20 Lycéeën eng franséischsproocheg Filière ugebuede solle ginn? Falls d'Äntwert op déi éischt Fro positiv ass, wéi eng Lycéeën sinn dat a wéini a wéi goufen d’Elteren iwwer dës nei Méiglechkeet informéiert?
Wéini a wéi goufen d’Direktiounen an d’Enseignante vun de betraffene Lycéeën an d’Preparatioun vun dëser Reform agebonnen? Wéi eng spezifesch Formatiounen, Léiermaterialien a pedagogesch Betreiungsmesurë goufen hinnen ugebueden?
A wéi engem konkreten Zesummenhang steet d’Aféierung vun dëse franséischsproochege Filièrë mam Projet „ALPHA – zesumme wuessen“ am Enseignement fondamental? Soll dës Offer mëttel- oder laangfristeg eng direkt Weiderféierung fir Schüler duerstellen, déi am Fondamental op Franséisch alphabetiséiert goufen?
D’Konzept vum Projet ALPHA gesäit vir, datt d’Schülerinnen a Schüler trotz ënnerschiddlecher Alphabetiséierungssprooch a gemëschte Klasse bleiwen an um Enn vum Fondamental iwwer Kompetenzen a béide Schoulsprooche verfügen. Wéi ass dëst Zil mat der Schafung vu separate franséischsproochege Filièren am Lycée ze vereinbaren?
Wéi wëll de Minister verhënneren, datt duerch déi nei Filièren eng fréi an dauerhaft Opdeelung vun de Schüler no hirer Sprooch oder hirem soziale respektiv familiäre Profil entsteet? Wéi gëtt garantéiert, datt d’Méisproochegkeet an d’sozial Kohäsioun erhale bleiwen?
Soll d’Entwécklung vun de franséischsproochege Filièren am Enseignement secondaire an déi wëssenschaftlech Evaluatioun vum Projet ALPHA integréiert ginn?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.