Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.
D’Kënschtlech Intelligenz ass ouni Zweiwel eng vun de groussen technologesche Revolutioune vun eiser Zäit. Gläichzäiteg geet hir Entwécklung awer mat engem ëmmer méi héije Verbrauch u Ressourcen an Energie auserneen. Besonnesch grouss KI-Modeller an Datenzentren erfuerderen immens Quantitéiten u Stroum fir Rechekraaft a Killungssystemer, mee och bedeitend Quantitéiten u Waasser. Schätzunge weisen, datt de weltwäite Waasserverbrauch duerch KI bis 2027 op bis zu 6 Billioune Liter kéint klammen, wat ronn der Hallschent vum Joresverbrauch vu Groussbritannien entsprécht. Och den Energieverbrauch vu KI-Infrastrukture wiisst rapid a stellt nei Erausfuerderunge fir d’Klima- an Energiepolitik duer.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen:
Wéi bewäert d’Regierung de weltwäite Ressourcëverbrauch vu kënschtlecher Intelligenz, besonnesch am Beräich vum Waasser- an Energieverbrauch vun Datenzentren a KI-Infrastrukturen?
- Ass der Regierung bekannt, wéi grouss den aktuellen an zukünftege Waasser- a Stroumverbrauch duerch KI-Infrastrukturen a Serverfarme ka ginn, a wéi eng Ofhängegkeeten sech doduerch fir Europa erginn?
- Wéi eng Konsequenze gesäit d’Regierung duerch de wuessenden Energiebedarf vu KI-Systemer fir d’Erreeche vun de Klima- an Energietransitiounsziler zu Lëtzebuerg an an der EU?
- Wéi eng Mesurë ginn et oder si geplangt, fir d’Energie- a Ressourceneffizienz vu Rechenzentren a KI-Systemer ze verbesseren, notamment duerch méi nohalteg Infrastruktur, erneierbar Energien a modern Killungstechnologien?
- Wéi wëllt Lëtzebuerg seng Ambitioun als digitalen a KI-Standuert mat de Klima-, Energie- an Nohaltegkeetsziler vereenen?
- Ass virgesinn, bei zukünftege KI-Strategië systematesch d’Impakter op d’Ëmwelt, d’Energieversuergung, d’Gesellschaft an d’Ressourcen als integralen Deel matanzebezéien?
- Wéi wëllt d’Regierung sécherstellen, datt technologesche Fortschrëtt am Beräich vun der KI ëmmer am Gläichgewiicht mat ekologescher Verantwortung, Ressourceschutz an enger nohalteger Energiepolitik steet?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.