Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Mam Centre Kairos zu Bouneweg, deen am Juni 2026 opgaangen ass a vun Hëllef um Terrain (HUT) geréiert gëtt, gouf e wichtege Schrëtt am Kampf géint d'Obdachlosegkeet gemaach. Dëse Projet bitt 22 Persounen, déi laang op der Strooss gelieft hunn, e fest Doheem no dem Konzept vum Housing First.
D'Selbstbestëmmung vun de Bewunner ass en zentrale Pilier vun dësem Usaz. Allerdéngs weisen Acteuren aus dem Terrain drop hin, datt verschidde Persounen trotz enger Wunneng a staark prekäre Verhältnisser verbleiwen a wéinst hirer vulnerabeler Situatioun Schwieregkeeten hunn, Hëllefsangebouter eegestänneg unzefroen oder unzehuelen.
Virun dësem Hannergrond géife mir gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:
1. Wéi vill Sozialaarbechter an Educateuren sinn aktuell fir déi 22 Bewunner zoustänneg (a Vollzäitequivalenten), a wéi vill Plaze sinn zanter der Ouverture besat?
2. Wéi ass déi alldeeglech sozial Begleedung organiséiert (Referenzpersounen, Begleedungspläng), a wéi eng Fachleit stinn owes, nuets an de Weekend zur Verfügung?
3. Wéi ginn d'Fachleit vir, wann eng Persoun eng Begleedung refuséiert, a wéi gëtt ënnerscheet tëscht enger bewosster Decisioun an enger Onfäegkeet, déi eege Besoinen anzeschätzen?
4. Ass no den éischte Méint eng Evaluatioun vum Projet virgesinn (mat Bléck op d'Autonomie an d'perséinlech Situatioun vun de Bewunner)? Gëtt et e System fir Réckmeldunge vum Terrain reegelméisseg ze erfaassen, an ass no den éischte Méint eng Evaluatioun geplangt, fir d'Organisatioun an d'Ressourcen eventuell unzepassen?
5. Gëtt et e System, fir d'Erfarungen an d'Besoine vun de Bewunner reegelméisseg ze erfaassen, a ginn dobäi och Réckmeldunge vu Persounen oder sozialen Acteuren aus dem Ëmfeld berücksichtegt?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.