Wéi gëtt d'Informatioun vun de Passagéier bei geplangte Perturbatiounen am ëffentlechen Transport séchergestallt?

Stéphanie WEYDERT

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Et si mir an de leschte Wochen zwee Fäll zougedroe ginn, déi Froen iwwert d'Informatioun vun de Passagéier bei Perturbatiounen am ëffentlechen Transport opwerfen.

De Moien ass mir zougedroe ginn, datt op der Buslinn 221 d'Streck tëscht Eesebuer an Dummeldeng wéinst enger Spärung net befuer konnt ginn an de Bus eng Deviatioun iwwer Aasselscheier, Blaaschent, Amber, Buerglënster a Gonnereng huet misse fueren. Et ass ze begréissen, datt dës Aarbechten an enger Period duerchgefouert goufen, an där d'Lycéeën zou sinn, an datt d’Personal um Busarrêt zu Eesebuer de Buschauffer op d'Deviatioun higewisen huet. Gläichzäiteg gouf mir awer matgedeelt, datt d'Passagéier am Viraus weder iwwer d'Busarrêten nach am Bus oder iwwer aner Informatiounskanäl op dës Perturbatioun higewise goufen. Och an der Mobilitéit.lu-App wier de Moien nëmmen drop higewise ginn, datt den Arrêt Stafelter net desservéiert géif ginn, ouni weider Erklärungen zur Deviatioun.

Donieft ass mir e weidere Fall zougedroe ginn, bei deem an der leschter Woch en Zuch op der Streck Waasserbëlleg – Manternach – Stad wéinst enger Spärung ausgefall ass. Och an dësem Fall wier d'Annulatioun net am Viraus affichéiert oder op eng kloer Aart a Weis kommunizéiert ginn.

Dës zwee Fäll werfen d'Fro op, ob d'Informatiounen un d’Passagéier bei Perturbatioune vum ëffentlechen Transport ëmmer fristgerecht, kohärent an iwwer all déi disponibel Kanäl erfollegt. Et ass wichteg datt d’Passagéier sech op den ëffentlechen Transport verloosse kennen an och zu de virgesinnen Auerzäiten op der finaler Destinatioun ukommen.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

  • No wéi enge Krittäre gëtt decidéiert, wéini an iwwer wéi eng Kanäl geplangte Perturbatiounen oder Deviatioune vum ëffentlechen Transport un d'Passagéier kommunizéiert ginn?

  • Wéi gëtt séchergestallt, datt Informatiounen iwwer geplangte Spärungen oder Ausfäll fristgerecht an op allen Informatiounsplattformen (Mobilitéits-App, Affichen, digital Affichagen, Arrêten a Gefierer) disponibel sinn?

  • Wéi ass d'Zesummenaarbecht tëscht dem Mobilitéitsministere, de Bedreiwer an de Gemengen organiséiert, fir d'Biergerinnen an d'Bierger bei esou Perturbatiounen esou fréi wéi méiglech a beschtméiglech z'informéieren?

  • Gedenkt d'Ministesch d'Informatiounsprozesser ze verbesseren, fir Passagéier bei geplangte Spärungen oder Deviatioune méi séier a méi transparent z'informéieren? Wa jo, wéi eng konkret Mesurë sinn dofir virgesinn?

  • Huet de Ministère Indicateuren oder Evaluatioune fir ze iwwerpréiwen, ob d'Kommunikatioun bei Perturbatioune vum ëffentlechen Transport d'Passagéier tatsächlech erreecht, a wéi ginn dës Erkenntnisser an d'Verbesserung vun der Informatiounspolitik agebonnen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie WEYDERT
Deputéiert