Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
De “Comité des usagers des transports publics”, deen op Basis vum Artikel 16 vum Gesetz vum 5. Februar 2021 iwwer den ëffentlechen Transport fonctionéiert, huet als Haaptzil, den Dialog tëscht de Benotzer vum ëffentlechen Transport an deenen Instanzen, déi fir seng Organisatioun a säi Fonctionnement zoustänneg sinn, ze fërderen.
De Comité soll de Benotzer d'Méiglechkeet ginn, hir Besoinen an Erfarungen direkt un déi zoustänneg Instanze weiderzeginn an duerch Avisen a Proposen zur Verbesserung vum ëffentlechen Transport bäizedroen. Domat kënnt him eng wichteg Roll zou, fir d'Offer vum ëffentlechen Transport un déi tatsächlech Besoine vun de Passagéier unzepassen. Mam Arrêté ministériel vum 27. November 2023 goufen zwielef Membere fir eng Dauer vu fënnef Joer, mat Wierkung vum 1. August 2023 un, an de Comité nominéiert.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
- Wéi dacks ass de Comité des usagers des transports publics zanter senger Neibesetzung am August 2023 zesummekomm?
- Mat wéi enge konkreten Themen a Problematiken huet sech de Comité zanterhier beschäftegt?
- Wéi eng Avisen, Recommandatiounen oder Proposen huet de Comité zanter August 2023 ausgeschafft? Kann d'Madamm Ministesch eng Opstellung dovunner matdeelen?
- Wéi eng vun dëse Recommandatiounen a Propose goufe bis elo vum Ministère respektiv vun der Administration des transports publics opgegraff oder ëmgesat? Wéi eng sinn nach an der Analyse?
- A wéi engem Mooss gëtt de Comité aktiv an d'Planung an d'Weiderentwécklung vum nationalen ëffentlechen Transport agebonnen, wéi zum Beispill de PNM2040? Bei wéi enge konkrete Projeten oder Reformen ass de Comité zanter August 2023 consultéiert ginn?
- Ginn d'Avisen, d'Recommandatiounen an d'Rapporte vum Comité ëffentlech zougänglech gemaach? Falls net, ass virgesinn, dës Dokumenter an Zukunft ze publizéieren, fir d'Transparenz iwwer d'Aarbecht vum Comité ze stäerken?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.