Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
An engem Radiosinterview no der rezenter Hëtztwell huet den Här Familljeminister erkläert, datt laang a intensiv Hëtztperioden an Zukunft ëmmer méi zur Normalitéit géife gehéieren. Hien huet dobäi unerkannt, datt déi aussergewéinlech Dauer vun der Canicule d'Alters- a Fleegeheemer viru besonnesch Erausfuerderunge gestallt huet an ugekënnegt, zesumme mat der COPAS e Bilan ze zéien an déi bescht Praktiken am Secteur auszebauen.
Gläichzäiteg goufen aus verschiddenen Alters- a Fleegeheemer Temperature vu méi wéi 30 bis 34 Grad an den Zëmmere gemellt. Besonnesch fir eeler a vulnerabel Bewunner stelle sou Temperaturen e Gesondheetsrisiko duer. Virum Hannergrond vum Klimawandel stellt sech dofir d'Fro, ob déi aktuell Infrastruktur an déi bestoend Investitiounen de klimateschen Entwécklunge gerecht ginn.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:
1. Gedenkt den Här Minister en nationale Klima-Resilienzplang fir alleguerten d’Alters- a Fleegeheemer auszeschaffen, dee souwuel fir nei wéi och fir bestoend Strukture verbindlech Orientéierunge virgesäit?
2. Wéi eng konkret Conclusioune wëllt de Ministère aus dem ugekënnegte Bilan mat der COPAS zéien, a bis wéini ass mat konkrete Mesuren ze rechnen?
3. Gëtt bei neien Alters- a Fleegeheemer schonn haut systematesch op Klimaresilienz geuecht, beispillsweis duerch eng adaptéierten Architektur, effiziente Sonneschutz, Killsystemer oder aner bautechnesch Léisungen?
4. Ass virgesinn dës Critèrë fir d'Klimaresilienz an Zukunft als Standard bei allen Neibauten an och bei Ëmbaute virzeschreiwen?
5. A wéi wäit ginn Investitiounen an Hëtztschutz- a Killmoossname bei der finanzieller Ënnerstëtzung duerch de Familljeministère berécksiichtegt?
6. Wäerten am Ministère spezifesch Programmer oder finanziell Hëllefen op d'Bee gestallt ginn, fir eeler Alters- a Fleegeheemer klimatesch nozerüsten, beispillsweis
mat baussenzegem Sonneschutz, Killplaffongen, effiziente Belëftungssystemer oder anere passenden Technologien?
7. Wéi wëllt den Här Minister sécherstellen, datt och Bewunner, déi aus gesondheetleche Grënn hir Zëmmer net oder nëmme schwéier kënne verloossen, bei extremen Hëtztperioden adequat geschützt sinn?
8. Rechent den Här Minister domat, datt d'Investitioune fir d'Klimaadaptatioun vun den Alters- a Fleegeheemer an de kommende Joren eropgesat musse ginn, a wa jo, sinn dofir schonn entspriechend Budgetsmëttel virgesinn?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.