Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
De Mëssbrauch vun gefälschten Dokumenter an onreegelméisseg administrativ Decisiounen hate rezent souwuel an der Direction générale de l’immigration wei och am Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) zu Perquisitiounen gefouert.
An der Antwert op meng parlamentaresch fro N° 4483 äntwert den Här Minister : “ Am Joer 2024 gouf beim MENJE en internen Audit lancéiert. Am Kader vun dëser Analys goufen eng Rei vu strategesche Pisten iwwerpréift, wat schlussendlech dozou gefouert huet, datt eng Rei vu wesentleche Verbesserungspunkten an d'Praxis iwwerholl goufe fir d'Prozeduren ze moderniséieren. […]: Deen traditionelle 4-Aen-Prinzip gouf systematesch duerch e méi strenge 6-Aen-Prinzip ersat. Dëst bedeit, datt d'Validatioun an d'Kontroll vun engem Dossier elo iwwer dräi verschidden administrativ Instanze lafen: d'Gestionnairen, déi den Dossier betreien, de Chef de direction oder säin Adjoint, souwéi de Chef de service oder säin Adjoint.“
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Wat war de geneeën Objet vum internen Audit, deen 2024 beim MENJE lancéiert gouf? Goufen et deemools schonn Indicen op Mëssbrauch oder Onreegelméissegkeete festgestallt, notamment am Zesummenhang mat der Notzung vu gefälschten Diplomer fir d’Erhale vun Openthaltsgeneemegungen?
Wéi eng Entreprise huet den Audit duerchgefouert? Gouf an deem Kader e Marché public ausgeschriwwen?
Sinn Dossiere vun de Perquisitioune betraff, déi no den Ajustementer an de Prozedure beim MENJE gemaach goufen?
Goufen am Kader vun den Enquêtë Mataarbechter aus dem zoustännege Service fir d’Unerkennung an d’Homologatioun vun auslänneschen Diplomer suspendéiert? Falls jo, wéi vill Mataarbechter waren dovu betraff?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.