Gëtt d’Aarbechtszäit vum Personal à temps partiel am Enseignement fondamental fir d’Rentrée 2026/2027 nei organiséiert a wéi eng Auswierkungen huet dat op de Précoce?

Ricardo MARQUES

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. 

Verschidden Enseignanten an Educateuren aus dem Enseignement fondamental, ënner anerem aus dem Precoce, weisen drop hin, datt si am Kader vun der Schoulorganisatioun fir d’Rentrée 2026/2027 mat neie Consignë konfrontéiert ginn, déi d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit vu Personal à temps partiel betreffen.

No dësen Informatioune soll d’Aarbechtszäit vu Persounen, déi à temps partiel schaffen, am Prinzip esou organiséiert ginn, datt si op all Aarbechtsdag präsent sinn. Am Precoce, wou d’Kanner nach ganz jonk sinn an eng stabil Bezéiung zu hire Referenzpersounen eng zentral Roll spillt, kann esou eng Organisatioun dozou féieren, datt zwou Persounen, déi sech eng hallef Tâche deelen, sech net méi op ganz Deeg ofwiesselen, mee am Laf vum selwechten Dag. Dat géif konkret bedeiten, datt eng Persoun zum Beispill moies e puer Stonnen an der Klass ass an duerno vun enger anerer Persoun ofgeléist gëtt.

Esou eng Organisatioun werft wichteg pedagogesch Froen op. Am Cycle 1 an am Precoce si Stabilitéit a kloer Referenzpersounen entscheedend fir d’Wuelbefanne vun de Kanner. Zousätzlech Wiesselen am Laf vum Dag kënnen zu Onrou féieren an d’Kontinuitéit vun der pädagogescher Aarbecht erschwéieren. Dat gëllt ëmsou méi fir Kanner mat spezifesche Besoinen, déi dacks besonnesch staark op viraussiichtlech Strukturen a stabil Bezéiungen ugewise sinn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt fir d’Rentrée 2026/2027  d’Aarbechtszäit vu Personal à temps partiel am Enseignement fondamental nei organiséiert gëtt?

  • Wéi bewäert den Här Minister aus pedagogescher Siicht eng Organisatioun, bei där zwou Persounen, déi sech eng 50%-Tâche deelen, sech am Laf vum selwechten Dag an enger Precoce-Klass ofléisen? Wéi een Impakt huet en zousätzlechen Wiesselen am Laf vum Dag sech op d’Wuelbefanne vun de Kanner, op d’Gruppedynamik an op d’Kontinuitéit vun der pädagogescher Aarbecht am Précoce auswierken?

  • Wéi vill Spillraum behalen d’Schoulen an d’pedagogesch Ekippen, fir eng Organisatioun ze wielen, déi de konkrete Besoine vun de Kanner an der Klass Rechnung dréit?

 

Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo Marques 

Deputéierten