“eduAccueil”: Zougang net fir all Benevoller méiglech ?

Ricardo MARQUES

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

Et ass mir zougedroe ginn, datt verschidde Leit, déi zanter ville Jore benevole fir ASBL’en am Beräich vun der Kannerbetreiungsstruktur aktiv sinn, Schwieregkeeten hunn op d’Plattform “eduAccueil” zouzegräife fir Dokumenter anzereechen an déi néideg Ënnerschrëften am Kader vun hire Flichten ze erleedegen.

Den Accès op des Plattform ass an der Praxis nëmme méiglech wann een iwwert e “LuxTrust Mobile” oder de “LuxTrust Scan” verfüügt. Déi betraffe Persoune verfügen awer nëmmen iwwert een “LuxTrust SmartCard” an hu keen Accès op déi aner zwou genannten Optiounen. Dëst bréngt fir si, an hirem fräiwëllegem ASBL’s Engagement, Schwieregkeete fir hir Aarbecht kënnen ze maachen.  

D’Digitaliséierung vun administrativen Demarchen ass grondsätzlech ze begréissen, well si Prozedure méi effizient a méi séier maache kann. Si däerf awer net dozou féieren dat Benevoller oder Responsabel vun Associatiounen an hirer fräiwëlleger Aarbecht ausgeschloss ginn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend  follgend Froe stellen:

Kann den Här Minister confirméieren dat den Accès op d’Plattform “eduAccueil” aktuell d’Benotze vu “LuxTrust Mobile” oder vun “LuxTrust Scan” viraussetzt?

Aus wei enge Grënn ass d’LuxTrust SmartCard net virgesinn, fir kënnen op d’Plattform “eduAccueil” zeréck zegräifen?

Wéi eng alternativ Léisunge si virgesinn, fir Persounen déi kee “LuxTrust Mobile” oder de “LuxTrust Scan” hunn?

Wat ass déi gesetzlech, respektiv reglementaresch Basis, déi den Accès op “LuxTrust Mobile” oder op “LuxTrust Scan” als Viraussetzung fir administrativ Demarchen am Beräich vun de Kannerbetreiungsstrukture virgesäit?

Wéi vill Reklamatiounen oder Ufroe fir Hëllef am Zesummenhang mam Accès op “eduAccueil” goufen zanter der Aféierung vun dëser Plattform enregistréiert?

Wéi sinn déi eenzel Strukturen, Trägeren an déi kléng ASBL’en iwwert dës Prozeduren a Viraussetzungen am Zusammenhang mam “eduAccueil” informéiert ginn?

Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.


Ricardo MARQUES
Deputéierten