Ass de Shamonda-Virus schonn zu Lëtzebuerg ukomm, a wéi bereet sech d’Regierung op eng méiglech Ausbreedung vir?

Jeff BOONEN

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeginn.

Am Summer 2026 ass an Europa en neien Typ vum Shamonda-Virus bei Notzdéiere festgestallt ginn. De Virus gëtt duerch Gnitzen iwwerdroen a betrëfft virun allem Ranner, mee och Infektioune bei Schof si méiglech. Bei erwuessene Ranner kann en ënner anerem Féiwer, Duerchfall an e staarke Réckgang vun der Mëllechproduktioun verursaachen. Besonnesch bei trächteg Déiere besteet de Risiko vu Feelgebuerten a Mëssbildunge bei der Nozuucht.

An der Tëschenzäit ass d’Zirkulatioun vum Virus och an eisen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch bestätegt ginn. Wéinst der geografescher Proximitéit a well d’Gnitzen den Ament nach aktiv sinn, ass et duerchaus méiglech, datt de Virus och op Lëtzebuerg kënnt. An deem Kontext géif ech der Madamm Ministesch gär follgend Froe stellen:

  • Gouf de Shamonda- oder Shamonda-like-Virus schonn an engem Véibestand zu Lëtzebuerg nogewisen, respektiv ginn et Verdachtsfäll?
  • Ginn zu Lëtzebuerg geziilt Analysen oder eng Iwwerwaachung vun de Ranner- a Schoofsbestänn duerchgefouert?
  • Wéi eng preventiv Moossname wëllt d’Regierung huelen, fir eng méiglech Ausbreedung vum Virus z’erkennen an anzedämmen?
  • Wéi wëllt d’Regierung d’Baueren an d’Veterinären iwwer d’Symptomer, d’Risiken an dat néidegt Verhalen am Verdachtsfall informéieren?
  • Stellt de Shamonda-Virus e Risiko fir d’Bevëlkerung duer?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten