Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
A verschiddenen europäesche Länner, ënnert anerem a Frankräich, der Belsch an Däitschland, ginn an de leschte Jore sougenannt „intelligent Luuchten“ oder geschwindegkeetsgereegelt Verkéiersluuchten agesat. Dës Systemer kënnen eng rout Luucht aktivéieren, wann e Gefier mat enger ze héijer Vitess bei eng Plaz ugefuer kënnt, an hunn als Zil, d’Automobilisten dozou ze bréngen, d’Vitesslimitten ze respektéieren.
Esou Dispositiver ginn a lokalen Uertschaften, bei Schoulen oder op besonnesch geféierleche Stroossen agesat, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren. Zu Lëtzebuerg ginn d’Vitesskontrollen aktuell haaptsächlech iwwer fix a mobil Radaren duerchgefouert.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Huet de Ministère schonn analyséiert, ob d’Aféierung vu geschwindegkeetsgereegelte Verkéiersluuchten zu Lëtzebuerg eng sënnvoll Moossnam kéint sinn, fir d’Vitess an den Uertschaften ze reduzéieren an d’Verkéierssécherheet ze verbesseren?
Huet de Ministère Kenntnisser oder Evaluatioune vun esou Systemer aus dem Ausland, besonnesch wat hir Wierksamkeet bei der Reduktioun vun der Vitess an der Verbesserung vun der Sécherheet ugeet?
Wär d’Madamm Ministesch bereet, zesumme mat interesséierte Gemengen, e Pilotprojet mat esou engem System op enger oder méi besonnesch sensibele Plazen ze lancéieren?
Wa jo, no wéi enge Krittäre kéinten déi Plazen ausgewielt ginn a wéi en Zäitraum kéint fir d’Ëmsetzung vun esou engem Pilotprojet virgesi ginn?
Falls d’Regierung dësen Usaz net wëll verfollegen: Wéi eng aner nei Mesurë si geplangt, fir d’Vitess besser ze kontrolléieren an d’Respektéiere vun de Limitten ze garantéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.