Europa soll d’Ukrain weider ënnerstëtzen an iwwer seng eege Sécherheet decidéieren. Dat huet de Premier Luc Frieden am RTL-Interview no der Reunioun vun der „Coalition of the Willing“ zu Berlin ënnerstrach. Fir hien huet d’Reunioun gewisen, datt déi bedeelegt Länner hannert der Ukrain an dem internationale Recht stinn.
Berlin als Zeeche vun europäescher Eenheet
De Luc Frieden huet d’Eenheet vun den europäesche Partner betount. Fir hien spillen d’Europäesch Unioun an d’NATO eng zentral Roll bei der Fro, wéi Europa seng Sécherheet organiséiert. Hien huet och begréisst, datt den US-President Donald Trump un engem Deel vun der Reunioun per Telefon deelgeholl huet.
Wat geschitt no engem Waffestëllstand?
Am Fall vun engem Waffestëllstand oder engem Enn vum Krich soll d’ukrainesch Arméi dem Premier no weider ënnerstëtzt ginn. Hien huet och op gemeinsam NATO-Pläng fir d’Sécherheet an der Loft, um Buedem an um Mier verwisen.
Fir de Luc Frieden geet et dobäi ëm d’Sécherheet vu ganz Europa. Hien huet d’Suerg geäussert, datt Russland seng Truppen nom Enn vum Krich an der Ukrain anzwousch anescht kéint asetzen.
Shenzhen – wéineg konkret Resultater aus Siicht vum Premier
Am Treffen tëscht China, den USA a Russland zu Shenzhen gesäit de Luc Frieden en Zeeche vun den Ambitioune vu China. Dem Premier no huet déi gemeinsam Deklaratioun wéineg konkret Resultater geliwwert. Positiv bewäert hien d’Ausso vun den dräi Länner, datt si keen Atomkrich wëllen.
Den Donald Trump hätt him gesot, datt och iwwer d’Ukrain geschwat gouf. Als konkrete Schrëtt a Richtung Friddensgespréicher huet de Luc Frieden eng Paus vun de russeschen Attacken op d’Ukrain genannt. Als Beispill huet hie vun dräi Woche geschwat.