„Mir mussen d’Offer eropkréien“, sot de Premier Luc Frieden am RTL-Interview. No der Demonstratioun fir abordabele Wunnraum an der Stad huet hie Versteesdemech fir d’Suerg vun de Jonken an de Leit ausgedréckt, déi sech nëmme schwéier eng Wunneng leeschte kënnen. Fir datt zu Lëtzebuerg méi a méi séier gebaut gëtt, setzt d’Regierung op ëffentlech Investitiounen, steierlech Ureizer fir privat Investitiounen a méi einfach Bauprozeduren.
Iwwer 600 Milliounen Euro fir abordabele Wunnraum
Dem Luc Frieden no huet d’Regierung an hiren éischten zwee Joer iwwer 600 Milliounen Euro an abordabele Wunnraum investéiert. Dat wier méi wéi an de véier Joer virdrun. Bei der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) wiere ronn 1.300 Wunnengen ënnerwee. Nieft den Investitioune vun ëffentleche Bauträger wéi der SNHBM an dem Fonds du Logement wëll d’Regierung och privat Investitiounen an de Wunnengsbau encouragéieren.
Méi einfach Reegelen a méi séier Bauprozeduren
D’Regierung huet e nationaalt Bautereglement op de Wee bruecht. Eng Bagatellreegelung soll et méiglech maachen, verschidde kleng Bauaarbechten ouni Autorisatioun vun der Gemeng duerchzeféieren. De Premier gesäit och Spillraum, fir op verschiddene Plaze méi héich ze bauen. Dës Decisioune leien aawer haaptsächlech bei de Gemengen.
Dem Luc Frieden no huet d’Regierung déi zéng Mesuren aus senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun, fir méi Wunnraum ze schaafen, ëmgesat. Et géif awer nach daueren, bis een hir Wierkung um Terrain mierkt.
Bauterrainen op de Marché bréngen
D’Regierung wëll d’Mobiliséierungssteier virzéien, fir datt méi onbebaut Bauterrainen op de Marché kommen. Dofir muss fir d’éischt d’Grondsteier reforméiert ginn. De Premier huet 2032 als Ziljoer fir d’Mobiliséierungssteier genannt. Wann d’Viraarbechte méi séier ofgeschloss sinn, kéint se éischter kommen.
Fir d'Steier op eidel Wunnengen brauch et fir d’éischt e Regëster. Dorunner schafft den Inneministère dem Premier no mat de Gemengen. Dobäi muss och gekläert ginn, vu wéini un eng Wunneng als eidel gëllt.
Gespréicher mam Kollektiv Logementskris
De Luc Frieden wëll kuerzfristeg Vertrieder vum Kollektiv Logementskris an aner Jugendorganisatioune wéi d’CSJ an d’JDL empfänken. Hie wëll hir Proposen héieren. Fir eng nei national Kommissioun gesäit hien nëmme wéineg Méiwäert a verweist op de Logementsdësch an den Austausch mat de Gewerkschaften an dem Patronat am Kader vum Suivi vun den Tripartite-Accorden.