De Fraktiounspresident Laurent Zeimet huet en Donneschdeg de Moie bei engem Petit-Déjeuner-Presse den Journalisten en Abléck an d’Aarbecht vun der Fraktioun ginn an e Reckbleck op Journée Parlementaire vun der CSV-Fraktioun gemach.
Am Fokus stoungen ënner anerem d’Steierreform, d’Educatioun, politesch Bildung, de Jugendchômage, d’Nationalitéitegesetz an d’Jugendstrofrecht
Fir d’éischte Kéier hat d’Fraktioun zesumme mat der Partei eng Summerakademie organiséiert. Mat de Basisorganisatioune goufen do verschidde politesch Theme diskutéiert.
Steierreform soll Enn Oktober gestëmmt ginn
Eng absolut Prioritéit fir CSV-Fraktioun ass d’Steierreform, déi nach am Oktober an der Chamber soll gestëmmt ginn . Och d’Zesummespill tëscht Ëmwelt a Landwirtschaft war Thema op der Journée Parlementaire. Op enger Rei Dossiere wëll d’Fraktioun hei verschidde Positioune méi no beienee bréngen.
Nationalitéit, Walrecht a Jugendstrofrecht
Beim Nationalitéitegesetz ass iwwer méiglech Upassunge geschwat ginn. Domat verbonnen ass d’Fro vum Walrecht fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen.
Och beim Jugendschutz- a Jugendstrofrecht wëll d’Fraktioun virukommen. Et kommen nach Upassungen an de Laurent Zeimet huet se optimistesch gewisen dass déi 2 Projet’en zäitno an d’Chamber kommen.
Fokus op Educatioun, politesch Bildung a Jugendchômage
An den nächste Méint wëll d’CSV-Fraktioun sech och méi intensiv mat der Educatiounspolitik beschäftegen. Als ee Grond nennt si d’PISA-Resultater, déi aus hirer Siicht net zefriddestellend sinn.
De Ricardo Marques soll an enger Interpellatioun de VIESO-Cours an déi politesch Bildung an de Schoulen thematiséieren. Dobäi soll ënner anerem gekuckt ginn, wéi de VIESO-Cours sech zanter senger Aféierung viru ronn zéng Joer entwéckelt huet an wei déi politesch Bildung an desem Cours eng méi grouss Roll ka kréien.
De Charel Weiler plangt sengersäits eng Interpellatioun iwwer de Jugendchômage. D’Fraktioun wëll hei zesumme mat den Acteuren aus dem Secteur no konkrete Léisunge sichen.
Den Aussoe vum Laurent Zeimet no waren d’Diskussioune bei der Journée Parlementaire vun der CSV-Fraktioun deels intensiv. Bei deene meeschte Punkten hätt d’Fraktioun awer e gemeinsame Nenner fonnt.
D’Froe vun de Journalisten: Vun der Steierreform bis bei d’ADR
An der Diskussioun mat de Journaliste war virun allem déi geplangte Steierreform Thema. Gefrot gouf ënner anerem, wéi sech déi eenheetlech Steierklass op Koppelen auswierkt, bei deenen d’Akommes ganz ënnerschiddlech verdeelt ass. Och D’Fro vun de Familjen gouf ugeschwat.
De Laurent Zeimet huet hei op déi laang Iwwergangsphas verwisen. Leit, déi haut am Splitting-System sinn, behaalen d’Méiglechkeet doranner ze bleiwen. E Rechen-Simulator soll de Stéit erméiglechen déi eege Situatioun ze berechnen.
D’Reform misst ausserdeem zesumme mat aanere Mesurë fir Famillje gekuckt ginn dei och décidéiert gi sinn, esou de Fraktiounspresident. Dozou gehéieren ënner anerem méi Kannergeld a méi Ënnerstëtzung bei der Kannerbetreiung.
De nächste Gehälteraccord beim Staat
Och déi nächst Gehälterverhandlungen am ëffentlechen Déngscht ware Sujet. De Laurent Zeimet wollt sech net op konkret Zuelen festleeën. Hien huet awer betount, datt bei engem neien Accord déi wirtschaftlech Situatioun an d’Entwécklung vun de Staatsfinanze misste berücksichtegt ginn.
Et misst och eng Balance tëscht dem privaten an dem ëffentleche Secteur bestoe bleiwen bleiwen. Gläichzäiteg kéint de Staat net am selwechten Tempo ëmmer weider Personal astellen, esou de Laurent Zeimet. Ausnamen gëllen awer do wou zousätzlecht Personal géif gebraucht ginn zum Beispill bei der Police oder der Justiz.
Sozial Medien an den Ëmgang mat Parteien um rietse Bord
Den Erfolleg vu rietse Parteien an Europa war och e Sujet beim Petit-Déjeuner-Presse. De Laurent Zeimet sot, den Opstig vun der AfD an Däitschland géif him Suerge maachen. Och d’Entwécklung a Frankräich géif hien mat Suerg observéieren.
Fir Lëtzebuerg huet hien ënnerstrach, datt d’CSV keng formell „Brandmauer“ géint eng bestëmmte Partei beschloss hätt. Hien huet gläichzäiteg betount dass et virun allem an der Aussepolitik grouss Differenze mat der ADR géif ginn.
D’CSV misst sech awer och mat de Sujeten auserneesetzen, déi um rietse Bord opgegraff ginn. Dat bedeit fir de Laurent Zeimet awer net, déi selwecht Äntwerten wei dei Riets op Suergen vun de Leit ze ginn.
Dat gëllt och fir sozial Medien. D’CSV misst do Weeër fannen, hir Messagen besser ze vermëttelen. Populistesch Positiounen ze iwwerhuelen, just fir méi Opmierksamkeet oder Likes ze kréien, wier awer net de Wee vun der Partei.