D’Chamber huet eestëmmeg ee Gesetz gestëmmt, mat deem eng zousätzlech Chamber bei der Cour d’appel geschaf gëtt. Si soll dofir suergen, datt strofrechtlech Affären och an zweeter Instanz méi séier, also an engem raisonnabelen Delai kënnen traitéiert ginn.
De Projet reagéiert op eng Hausse vun den Appellen an de leschte Joren: d’Zuel vun de strofrechtlechen Dossieren huet sech bannent fënnef Joer quasi verduebelt. Fir d’CSV, esou d’Rapportrice Stéphanie Weydert, ass dës Moossnam wichteg, well séier a rechtskräfteg Urteeler am Interêt vun den Affer, mee och vun de presuméierten Täter sinn. D'Vertrauen an d'Justiz, déi entsteet net nëmmen duerch gutt Gesetzer, mee och duerch eng Justiz, déi hir Aarbecht mat den néidege Mëttelen an och an engem räsonabelen Delai maache kann, betount d’CSV-Deputéiert.
Dëst ass eng Mesure am Kader vum pluriannuelle Plang fir méi Personal an der Magistratur anzestellen, ënnersträicht d’Justizministerin Elisabeth Margue. D’Regierung wëll och weiderhin cibléiert bei der Justiz nobesseren.