Wéi eng Auswierkungen hunn déi rezent gesetzlech Ännerungen op d’automatesch Desimmatrikulatioun vun eelere Gefierer an d’Informatioun vun de Proprietären?

Stéphanie WEYDERT

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Rezent ass mir zougedroe ginn, dass eeler Gefierer, wéi zum Beispill al Trakteren, automatesch aus dem Regëster vun der SNCA gestrach gi sinn, well de Certificat de conformité ofgelaf war. Bedéngt doduerch leeft dann och automatesch de Certificat d’immatriculation vum Gefier of. Dëst weder op Demande vun de concernéierte Leit, nach sinn déi Betraffen hei driwwer informéiert ginn. 

Bäi dëse Gefierer ersetzt de Certificat de conformité de Contrôle technique. Virum Gesetz vum 21. September 2023 wat d’Gesetz vum 14. Februar 1955 iwwer d’Reglementéierung vum Verkéier op allen ëffentleche Stroossen ofgeännert huet, hunn d’Proprietäre vun esou Gefierer menges Wëssens no e Courrier kritt fir se ze informéieren datt hire Certificat de conformité deemnächst ofleeft mat enger Rechnung fir déi betreffend Taxe ze bezuele fir de Certificat ze erneieren. Wann een d’Taxe bezuelt huet, huet een de Certificat de conformité geschéckt kritt.

Zënter der Ännerung vum virgenannte Gesetz ginn d’Proprietären elo net méi informéiert a vill Proprietäre fannen sech elo an der Situatioun datt hir Gefierer net méi konform sinn an datt hir Immatrikulatioun automatesch ofgelaf ass. Den Artikel 4, Paragraf 8, Buschtaf h) vum Gesetz vum 14. Februar 1955 gesäit follgendes vir:

(8) La validité du certificat d’immatriculation relatif à un véhicule routier expire de plein droit lorsque: [...]

(h) pour un véhicule routier soumis à l’immatriculation, mais non soumis à l’obligation du contrôle technique périodique qui, sans avoir été mis valablement hors circulation sur la voie publique à titre temporaire, n’est plus couvert par une vignette de conformité en cours de validité depuis plus de deux ans, cette échéance étant de quatre ans pour les véhicules historiques; [...].

La péremption du certificat d’immatriculation comporte l’obligation pour le propriétaire ou détenteur du véhicule routier de faire procéder à une nouvelle immatriculation de son véhicule routier, en vue de la remise en circulation de celui-ci sur la voie publique. »

Dat heescht zousätzlechen administrativen Opwand fir de Proprietär wann dee Certificat ofleeft fir säi Gefier nees nei ze immatrikuléieren, am Plaz vun engem einfache Courrier un de Proprietär fir en ze informéieren datt säi Certificat ofleeft oder seng Situatioun bannent enger gewëssener Zäit ze regulariséieren.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass mam Gesetz a mam Reglement grand-ducal vum 21. September 2023, net méi reegelméisseg Courrieren un d’Proprietäre verschéckt ginn éiert d’Immatrikulatioun vun engem Gefier ofgelaf ass ? Wa jo, firwat ass dat esou? Wier et net am Sënn vum Administré nees am Virfeld informéiert ze ginn?

  • Wier an dëse Fäll déi sougenannten “Procédure administrative non contentieuse” uwenndbar ? Falls net, firwat?

  • Kann d’Ministesch d’Bedingungen nennen déi néideg sinn, fir en eelert Gefier erëm nees unzemellen dat duerch déi uewe genannten administrativ Radiatioun des-immatrikuléiert gouf ? Gëtt et eng Méiglechkeet fir déi betraffe Leit, am Fall vun engem ofgelafene Certificat de conformité, dëse selwer, einfach, séier an onkomplizéiert ze regulariséieren oder mussen déi concernéiert Bierger eng komplett nei Immatrikulatioun – Prozedur vu vir starten ?

  • Kennen déi betraffe Proprietären nees dat selwecht Nummereschëld kréien oder mussen hei och nees zousätzlech Paperassë gemaach gi fir notamment en neit Nummereschëld ze kréien an d’Versécherung ze aktualiséieren?

  • Wéi vill Gefierer sinn zënter der Aféierung vun dësem Gesetz wéinst der net-Erfëllung vun de Konditiounen automatesch desimmatrikuléiert ginn, dëst opgeschlësselt pro Joer ?

  • Ass d’Madamm Ministesch der Opfaassung, dass dës Ännerungen zu zousätzlechem administrativen Opwand souwuel fir d’Proprietäre wéi fir d’Servicer vun der SNCA féieren ? Falls d’Ministesch dëst esou gesäit, sinn hei Verännerungen am Sënn vun der “Simplification administrative” ugeduecht ? 

  • Ass d’Madamm Ministesch gewëllt eng breet Informatiounscampagne iwwert dës Ännerungen esou wéi aner wichteg Ännerungen am Gesetz vum 14. Februar 1955 ze lancéieren an d’Bierger iwwert dës Ännerungen duerch déi offiziell Kanäl vum Ministère ze informéieren ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert 

Deputéiert