Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Zënter der Rentrée 2024/2025 ginn um Terrain reegelméisseg Réckmeldungen, dass d’Bestëmmunge vum Gesetz vum 23. Juli 2024, dat d’Aufgab vum edukativen a psycho-soziale Personal festleet, net iwwerall op déi selwecht Aart a Weis ëmgesat ginn, besonnesch beim Personal an de Centres de compétences.
No dëse Réckmeldunge schéngt et, dass d’Organisatioun vun den Déngschtzäiten an den Aufgaben, d’Plange vum Congé, d’Méiglechkeet Congésdeeg ausserhalb vun de Schoulvakanz ze huelen, an och d’Ëmsetzung vun de 80 Stonnen „Temps de préparation“ am Mount August, jee no Departement oder Struktur, ënnerschiddlech gehandhaabt ginn. Dat féiert bei de Mataarbechterinnen a Mataarbechter zu engem Gefill vun Ongläichheet an zu praktesche Problemer bei der Planung an zu Onkloerheeten iwwer Rechter a Pflichten.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Wéi eng schrëftlech Instruktioune goufen un déi betraffe Servicer a Strukture geschéckt, fir eng eenheetlech Ëmsetzung vum Gesetz vum 23. Juli 2024 ze assuréieren?
Ass dem Ministère bekannt, dass et zënter der Rentrée 2024/2025 Differenzen an der Praxis tëscht Departementer/Strukture gëtt bei der Organisatioun vun den Aufgaben an der Aarbechtszäit vun dësem Personal?
Wéi interpretéiert de Ministère d’Bestëmmung vun den 80 Stonnen „Temps de préparation“ am August am Sënn vun der Praxis: Wat gëllt do als virgeschriwwen Aktivitéit a wat sinn d’Minimal-Ufuerderungen un d’Präsenz/Disponibilitéit?
Wéi eng kloer Reegelen gëllen am ganze Land fir d’Méiglechkeet, Congésdeeg ausserhalb vun de Schoulvakanz ze huelen?
Plangt de Ministère Mesurë fir déi gemellten Divergenzen ze reduzéieren?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.
Paul Galles
Deputéiert