Wéi vill Accorden SME Packages huet de Wirtschaftsministère am Ganze säit 2019 ënnerschriwwen?

Stéphanie WEYDERT

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

D’SME Packages sinn en nationale Ënnerstëtzungs-Programm vum Wirtschaftsministère, dee kleng- a Mëttelbetriber (PME) zu Lëtzebuerg bei hirer Moderniséierung, Digitaliséierung an nohalteger Transformatioun ënnerstëtzt. D’Entreprisen kréien dobäi individuell Berodung duerch Experten an eng finanziell Subventioun vum Staat. Dës Package sinn ënnerdeelt a 5 Kategorien: Digitaliséierung, Cybersécherheet, kënschtlech Intelligenz, Nohaltegkeet a Servicer. Déi éischt Packagen goufe schonn 2019 an d’Liewe geruff, an d’Offer gouf 2022 an 2025 erweidert. Do bitt et sech un, een éischte Bilan vun dëser Mesure ze zéien, fir ze wëssen, wéi eng Zort Betriber op esou e Package zeréck gräifen a wou déi Betriber aktiv sinn.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen :

 

  • Wéi vill Accorde SME Packages huet de Wirtschaftsministère am Ganzen säit 2019 ënnerschriwwen?

  • Wéi vill pro Kategorie?

  • Wéi vill pro Kanton wou de Betrib ugesidelt ass?

  • Aus wéi enge Secteuren gouf op dës Packagen zeréckgegraff a wéieng Mesure goufen am Meeschten ëmgesat?

  • Wéi grouss sinn d’Betriber an der Moyenne, déi op dës Packagen zeréck gräifen?

  • Wéivill Euro hunn d’Betriber déi den SME Package ugefrot hunn an der Moyenne investéiert a wéivill finanziell Ënnerstëtzung hunn se an der Moyenne kritt? 

  • Wéivill Euro goufen zënter 2019 all Joer iwwer d’SME Packagen un PME’en ausbezuelt a wéivill PME’en wore pro Joer concernéiert?

  • Gëtt doriwwer nogeduecht, d’Offer u Packagen weider auszedeenen?

  •  

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

Deputéiert