Wéi gëtt d’Sozialpediatrie zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ?

Nathalie MORGENTHALER

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheets- a Sozialministesch weiderzeleeden. 

Zu Lëtzebuerg sinn eng Rei vun Associatiounen am Beräich vun der Sozialpediatrie aktiv. Wéinst hirer ganzheetlecher Approche si si dacks déi lescht Hoffnung fir Famille mat Kanner, déi mat sozialen, psycheschen a gesondheetleche Problemer ze kämpfen hunn. 

An deem Kontext wéilt ech gäre follgend Froen un d’Madamm Gesondheets- a Sozialministesch stellen:

  • Wéi vill Associatiounen, déi am Beräich vun der Sozialpediatrie aktiv sinn, hunn eng Konventioun mam Staat?

  • Mat wat fir engem Betrag ginn déi eenzel Associatiounen ënnerstëtzt?

  • Wéi vill Posten, mat wat fir engem Profil, ginn an deem Beräich subventionéiert?

  • Wat sinn déi exakt Missiounen, déi an der Konventioun festgehale sinn?

  • Wéi ginn d‘Associatiounen kontrolléiert?

 

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

             

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert