Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, weider ze leeden.
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2598 iwwert Photovoltaik- a Wandenergieprojeten, déi wéinst net genuch disponibelen Netzkapazitéiten net direkt ugeschloss kënne ginn, huet de Minister detailléiert Zuelen zu de betraffene Projeten an zu den aktuelle Grenzen am Stroumnetz presentéiert.
Dobäi geet ervir, datt eng substantiell Zuel vu Projeten op Waardelëschte gesat goufen an datt am Fall vun néie Kapazitéiten eng Uschlossautoriséierung „an der Reiefolleg vun den Demanden“ vergi gëtt.
Aus dëser Äntwert erginn sech awer nach wichteg Froen zur konkreter Prozedur, zur Prioriséierung tëscht de Projeten an zu de Krittären, no deenen disponibel Kapazitéiten zougewise ginn. An deem Kontext hu mir follgend Froen un de Minister:
No wéi enger konkreter Prozedur entscheeden Netzbedreiwer, e Projet op eng Waardelëscht ze setzen oder en direkt zréckzehalen?
No wéi enge Krittären gëtt festgeluecht, wéi ee Projet Virrang kritt, wann net genuch Netzkapazitéiten disponibel sinn? Gëllt dobäi ausschliisslech de Prinzip „first come, first served“, oder ginn och aner technesch oder energiepolitesch Krittäre berécksiichtegt?
Ginn et gréisser Acteuren déi e gewëssene Prozentsaz vun de Capacitéite reservéiert hunn? Wann jo, wie sinn déi Haaptacteuren ?
Ginn Differenze gemaach tëscht Photovoltaik- a Wandenergieprojeten, tëscht groussen a klenge Projeten oder tëscht Héich-, Mëttel- an Nidderspannung?
Wéi gëtt Transparenz fir d’Projetsträger an d’Ëffentlechkeet iwwert disponibel Netzkapazitéiten an d’Reihefolg op de Waardelëschte garantéiert?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert Jeff Boonen
Deputéiert Deputéierten