Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, weider ze leeden.
De sougenannte mécanisme de compensation spillt eng wichteg Roll bei der Finanzéierung an dem Ausgläich vun de Käschte fir d’Produktioun vu Stroum aus erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg. Iwwer dëse Mechanismus ginn Einnamen an Ausgaben organiséiert, déi direkt Auswierkungen op d’Stroumpräisser an op d’Staatsfinanze kënnen hunn.
Fir d’Parlament ass et dofir wichteg, eng kloer Iwwersiicht iwwert d’finanziell Situatioun an d’Zukunftsperspektive vun dësem Mechanismus ze hunn.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un de Minister:
Wéi vill Sue sinn iwwer de mécanisme de compensation an de leschte Joren ageholl ginn?
Wéi vill Sue sinn am selwechten Zäitraum ausbezuelt ginn?
Wéi gesäit d’finanziell Bilanz vum Mechanismus aus?
Wéi eng finanziell Projektioune gëtt et fir déi nächst Joren, wat d’Einnamen an d’Ausgabe vum mécanisme de compensation ugeet?
Geet d’Regierung dovun aus, datt dëse Mechanismus an Zukunft manner staark wäert belaascht ginn, a falls jo, firwat?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen
Deputéierten