Wéi ass d'Situatioun vun der Rannerkränkt "Lumpy Skin Disease" a wat fir Moosname ginn am Fall vun engem positive Befund ergraff?

Stéphanie WEYDERT
Jeff BOONEN

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weider ze leeden.

Déi ustiechend Rannerkränkt „Lumpy skin disease“ (LSD) ass zanter 2015-2016 an der EU nogewisen an huet sech iwwert déi südlech Länner eraus an leschte Wochen a Méint virun allem a Frankräich verbreet. An de leschten Deeg koum et an eisem Nopeschland zu Protester. D’Bauere wieren sech dergéint, datt laut EU‑Reegelen de ganze Véibestand muss gekeult ginn, soubal e positive Fall festgestallt gëtt, wat zu héije wirtschaftlechen a soziale Konsequenze fir d’Landwirtschaft féiert. Eng Alternativ wier eng Impfung, mee och déi kann negativ ekonomesch Suiten hunn. An dem Zesummenhang wëlle mir follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen: 

  • Wéi ass Situatioun vum Lumpy Skin Disease am Moment zu Lëtzebuerg?

  • Huet sech zanter dem Juli eppes un de Recommandatioune vun der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) geännert?

    • Wa jo, wat?

  • Ass d’ALVA virbereed, wa sollt e Fall vun LSD hei zu Lëtzebuerg detektéiert ginn?

  • Wat fir Moosname ginn am Fall vun engem positive Befund ergraff?

  • Huet d’ALVA genuch Impfdosen op Stock, falls no engem positive Fall d’Béischte musse geimpft ginn?

  • Ginn et no de Protester Bestriewungen, déi aktuell eenheetlech europäesch Reegelungen am Fall vun LSD ze adaptéieren?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

                            

Stéphanie Weydert                                                Jeff Boonen

Deputéiert                                                   Deputéierten