Äntwer op d'Fro zur Ursaach vun der LuxTrust-Stéierung a wéi d’Retablissement, d'Resilienz an d'Noutfall-Ofsécherung garantéiert gëtt

Diane ADEHM

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

No Informatiounen, déi LuxTrust op senger offizieller Säit publizéiert huet, sinn zënter gëschter 15:20 Auer eng Rei Servicer, dorënner d’Authentifikatioun, wéinst engem techneschen Incident temporär net disponibel, woubäi LuxTrust matgedeelt huet, d’Ursaach wier identifizéiert ginn an d’Ekipp géif um Retablissement schaffen. LuxTrust huet dobäi betount, datt den Incident keng Auswierkungen op d’Integritéit vun de Systemer, op d’Clientsdonnéeën oder op d’Sécherheet vun den Transaktiounen hätt.

Well d’LuxTrust-Authentifikatioun fir vill digital Prozeduren am Alldag eng zentral Roll spillt, net nëmmen am Bankesecteur an am Privatsecteur, mee och fir vill statlech Servicer a Gemengeservicer, kann esou eng Stéierung direkt Auswierkungen op wichteg administrativ Demarchë fir Bierger a Betriber hunn an et stellen sech Froen zur Disponibilitéit, Resilienz a Krisekommunikatioun vun dësen essentielle Servicer.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus:

  • Ass d’Ursaach vun der Stéierung mëttlerweil bekannt?

  • Wéi laang dauert et bis d’Servicer nees vollstänneg retabléiert sinn?

  • Kann de Ministère de finanziellen Impakt vun dësem Ausfall bezifferen? 

  • Wéi eng konkret Moossname ginn elo geholl, fir an Zukunft esou Ausfäll ze verhënneren? 

  • Ass geplangt, fir Noutfall-Léisunge virzegesinn, wann d’LuxTrust-Authentifikatioun temporär net verfügbar ass?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

qp_da_luxtrust-panne.pdf