Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro u Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.
Mat dem Asaz vu modernen digitalen Technologië kann am Beräich vun der Mobilitéit de Service fir d’Passagéier verbessert ginn.
An dësem Sënn gouf de 7. Juli 2024 an de fënnef Nordstad Gemenge (Bettenduerf, Dikrich, Ierpeldeng op der Sauer, Ettelbréck a Schieren) e Pilotprojet lancéiert, fir d’Echtzäit-Informatioun op de 150 Busarrêten ze verbesseren.
Iwwert e QR-Code konnt eng Homepage opgeruff ginn, op där follgend Informatiounen ze fanne waren : d’Offahrten an Echtzäit, d’Fahrpläng vun de Bus-Linnen déi den Arrêt bedéngen, e Routen-Planer, aktuell Stéierungen am Reseau an eng Kontakt- respektiv Feedback-Säit.
De Pilotprojet sollt am September 2024 evaluéiert ginn, mat der Optioun, am Laf vum Joer 2025 de ganzen RGTR-Reseau mat de ronn 3700 Arrêten nozerëschten.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte follgend Froe stellen.
Ass de Pilotprojet am September 2024 evaluéiert ginn?
Wat waren d’Resultater an d’Haaptconclusiounen?
Ass decidéiert ginn, de Pilotprojet ze generaliséieren a landeswäit auszebauen?
Wann jo, wéi wäit ass d’Ëmsetzung op der ronn 3700 Bus-Arrêten? Wéi vill Arrête si schonn equipéiert? Wéi vill stinn der nach aus ?
Wéi dacks pro Mount gëtt d’Homepage iwwert de Wee vum QR-Code-Scan opgeruff ?
Wann decidéiert gouf den Pilotprojet net ze generaliséieren, wat huet dogéint geschwat ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert