Wéini gëtt d'Sanéierung vum CR121 beim Schéissendëmpel am Mëllerdall endlech ofgeschloss?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Am Juli 2021 ass am Kader vum Héichwaasser eng Stäipmauer ënnerhalb vum CR121, ongeféier 100 Meter vum Schéissendëmpel am Mëllerdall ewech, agestierzt. Zanterhier ass d'Strooss op dëser Plaz nëmmen op enger Spuer befuerbar an de Verkéier gëtt duerch eng provisoresch Luuchtereegelung gereegelt.

Schonn an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro n°6557 vum 26. Juli 2022 hat den deemolege Mobilitéitsminister erkläert, datt d'Sanéierung wéinst de schwieregen topografesche Konditiounen, den néidege geotechneschen Etüden an den Ëmweltufuerderunge komplex wier. Deemools war virgesinn, datt d'Sanéierungsaarbechten Ufank 2024 géifen ufänken an tëscht sechs an néng Méint daueren.

An der Äntwert op d'parlamentaresch Fro n°158 vum 10. Januar 2024 huet d'Madamm Ministesch matgedeelt, datt d'Sanéierungsaarbechten um CR121 géife virgezu ginn an datt d'Strooss fir dës Aarbechte misst komplett gespaart ginn.

Mëttlerweil sinn et fënnef Joer zanter dem Héichwaasser. Op deem betraffene Stroossenofschnëtt besteet awer nach ëmmer eng provisoresch Luuchtereegelung. Aktuell Verkéiersmeldunge weisen eng Restriktioun bis den 31. Juli 2027 un. Dës Situatioun stellt net nëmme fir déi lokal Awunner, d'Leit aus der Regioun an d’Frontalieren, déi reegelméisseg dës Streck benotze fir op d’Aarbecht ze fueren, eng Aschränkung duer, mee och fir den Tourismus an der Regioun Mëllerdall, deen all Joer vill Visiteuren unzitt.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

  1. Wéi ass den aktuelle Stand vum Projet fir d'Sanéierung vum CR121 beim Schéissendëmpel?
  2. Aus wéi enge Grënn konnt den ursprénglech ugekënnegten Zäitplang, deen en Ufank vun den Aarbechte fir 2024 virgesinn hat, net agehale ginn? Wéi eng konkret technesch oder administrativ Schwieregkeeten hunn zu dëse Verspéidunge gefouert?
  3. Wéi eng Aarbechte sinn zanter 2021 op dëser Plaz konkret duerchgefouert ginn? 
  4. Wéi héich sinn déi bis elo entstane Käschte fir d'Etüden, d'Sécherungsmoossnamen an eventuell scho realiséiert Aarbechten? Op wéi vill ginn d'Gesamtkäschte vun der Sanéierung aktuell geschat?
  5. Kann d'Madamm Ministesch confirméieren, dass de Chantier op dem CR121 Enn Juli 2027 komplett ofgeschloss ass an d’Strooss an déi zwou Richtungen erëm op ass? 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert
Deputéiert