Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Déi ëffentlech Transportmëttel spillen eng zentral Roll fir d'Mobilitéit vun de Bierger. Nieft dem nationale Busreseau bidde vill Gemengen eege kommunal Buslinnen, sougenannte City-Bussen, un. Dës ergänzen déi national Offer a suergen ënner anerem fir besser Verbindungen tëscht den Uertschaften an den Accès zu kommunalen Infrastrukturen.
Wärend d'Busse vum RGTR mëttlerweil gréisstendeels iwwer d'App mobiliteit.lu an op de Busarrête selwer an Echtzäit verfollegt kënne ginn, ass dat bei ville kommunale Buslinnen net de Fall. Och wann hir Fuerpläng an der App integréiert sinn, feelen dacks Informatiounen iwwer déi tatsächlech Arrivéeën an eventuell Verspéidungen. Dat erschwéiert besonnesch d'Planung vu Verbindunge mat aneren ëffentlechen Transportmëttelen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wéi vill kommunal Buslinne sinn aktuell am nationale System mobiliteit.lu integréiert, a wéi vill dovunner stellen Echtzäitdaten iwwer hir Positioun an hir Arrivéeën zur Verfügung?
Wéi eng technesch Viraussetzunge mussen d'Gemengen erfëllen, fir hir kommunal Buslinnen un den nationale System fir Echtzäitinformatiounen unzeschléissen?
Mat wéi engen eemolegen Investitiounen a jäerleche Fonctionnementskäschte muss eng Gemeng rechnen, fir eng kommunal Buslinn an dëse System z'integréieren? Wéi setzen dës Käschte sech zesummen?
Ginn et aktuell staatlech finanziell oder technesch Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi de Gemengen dës Integratioun erliichteren?
Ass d'Madamm Ministesch bereet ze préiwen, ob kommunal Buslinnen, déi eng komplementär Funktioun zum nationale RGTR-Reseau erfëllen, an Zukunft vum Staat an den nationale System fir Echtzäitinformatiounen integréiert kéinte ginn, ouni datt déi betraffe Gemengen déi voll Käschte mussen droen?
Ass virgesinn, datt am Kader vun der aktueller Moderniséierung vun der Informatioun fir d'Passagéier och d'Echtzäitdate vun de kommunale Buslinnen an der App mobiliteit.lu an op den elektroneschen Affichagë bei de Busarrêten ugewise ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.