Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Wéi aus der Presse an aus engem Communiqué vun der Gemengegewerkschaft FGFC ervirgeet, plangt d'Lëtzebuerger Croix-Rouge, sech am Laf vum Joer 2027 schrëttweis aus hirer Zesummenaarbecht mat den Offices sociaux zeréckzezéien. Dëse Schrëtt betrëfft insgesamt 13 regional Sozialbüroen a ronn 60 Salariéeën.
Zanter der Reform vum Sozialhëllefsgesetz am Joer 2011 hunn extern Organisatioune wéi d'Croix-Rouge e groussen Deel vun der Sozialaarbecht an den Offices sociaux iwwerholl. Dës Konstruktioun huet awer dozou gefouert, datt an deene selwechte Büroen Employéeë mat ënnerschiddleche Patronen a Statuten nieftenee geschafft hunn. D'Croix-Rouge begrënnt hire Réckzuch elo domadder, datt dëse Modell ze komplex gi wier an d'Sozialbüroen no 15 Joer kapabel wieren, hir Aktivitéiten an hiert Personal eegestänneg ze geréieren. Gläichzäiteg gëtt uginn, datt een a reegelméissegem Kontakt mam Familljeministère steet.
Am Koalitiounsaccord 2023–2028 huet sech d'Regierung engagéiert, d'Gesetz vum 18. Dezember 2009 iwwer d'Sozialhëllef an enker Zesummenaarbecht mat den Offices sociaux unzepassen, d'Missiounen an d'intern Organisatioun ze iwwerschaffen an de Personal-Ratio op Basis vun engem sozio-ekonomeschen Index nei ze bereechene. Zudeem gesäit de Koalitiounsaccord vir, datt d'Gemengen déi néideg finanziell Mëttele kréien, fir qualitativ héichwäerteg Servicer um Terrain ze garantéieren.
Dëse massive Réckzuch vun engem Haaptacteur werft awer eng Rei kritesch Froen op, wat d'Kontinuitéit vum Service fir d'Bierger, d'Ofsécherung vun de 60 betraffene Salariéeën an d'finanziell an organisatoresch Belaaschtung vun de Gemengen ugeet.
Virun dësem Hannergrond géif ech gäre follgend Froen un d'Häre Ministere stellen:
- Gouf dës Decisioun am Virfeld mat de betraffene Gemengen an de Verwaltunge vun den Offices sociaux ofgeschwat, a wéi bewäert d'Regierung d'Ausso vun der Croix-Rouge, datt déi 13 Büroen elo autonom funktionéiere kënnen?
- Wéi gedenkt d'Regierung konkret sécherzestellen, datt et beim Iwwergang am Joer 2027 zu kenge Verspéidungen bei der Ausbezuelung vu Sozialleeschtungen a kenger Verschlechterung vum Service fir d'Bierger kënnt?
- Wéi gëtt bei enger Iwwernam vum Personal duerch d'Offices sociaux de Statutewiessel (SAS-Kollektivvertrag vs. Gemengestatut respektiv Gemengekollektivvertrag) konkret gereegelt, fir ze verhënneren, datt an deene selwechte Büroen eng Ongläichbehandlung bei der Pai an de Schaffkonditiounen entsteet?
- Wéi vill wäert d'Iwwernam vun dëse 60 Posten duerch d'Offices sociaux d'Gemenge respektiv de Staat zousätzlech kaschten, a wéi garantéiert d'Regierung (am Sënn vum Verfassungsprinzip vun der Konnexitéit an dem Koalitiounsaccord), datt d'Gemengen net op dëse Méikäschte sëtze bleiwen?
- Huet de Ministère Informatiounen doriwwer, ob och aner extern Organisatiounen (wéi d'Ligue médico-sociale oder d'HUT), déi aktuell Personal an den Offices sociaux stellen, plangen, sech aus dësem Modell zeréckzezéien, an wat bedeit de Réckzuch vun der Croix-Rouge fir d'Zukunft vun hire staatleche Konventiounen?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen