Wéi gesäit d’Strategie vun der Regierung fir d’Integratioun vun DPI duerch Sproochecoursen aus?

Nathalie MORGENTHALER

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Uarbechtsminister weiderzeleeden.

Am Koalitiounsaccord « Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken » vun der Regierung ass op der Säit 187 festgehalen : « Le Gouvernement organisera des cours de langues et de vivre-ensemble pour tous les DPI. Ces cours seront obligatoires. » D’Sprooche sinn een elementare Faktor fir d’Integratioun an den Uarbechtsmuart. Een DPI (Demandeur de Protection Internationale) kann, ënnert verschiddene Konditiounen, sechs Méint no senger « Demande de Protection internationale » eng « Autorisation d’occupation temporaire » ufroen.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Uarbechtsminister stellen:

  1. Wéi plangt d’Regierung d’Organisatioun vun dësen obligatoresche Coursen ze geréieren, fir sécherzestellen, dass all DPI  Zougang zum « Cours de Vivre-Ensemble » huet, ouni laang Wuardezäiten ?
  2. Wéi vill Stonne Sproochecoursë gesinn d’« Modules linguistiques » vum Biergerpakt konkret fir DPI’e vir, dëst fir ee reellen a séieren Zougang zum Uarbechtsmuart ze erméiglechen ? Geet dës Stonnenunzuel duer oder ass ugeduecht déi Unzuel, vergläichbar mam Ausland, eropzesetzen?
  3. Wat sinn d’Konsequenzen, wann dës obligatoresch Coursen net besicht ginn, a wéi gëtt den Erfolleg vun dëser Integratiounsmoossnam evaluéiert ?
  4. Op wéi eng Sprooch gëtt bei den DPIe prioritär gesat, fir hir Chancen an deene verschiddenen Uarbechtssecteuren ze maximiséieren ?
  5. Wéi gëtt verhënnert, dass d'Obligatioun vun de Sproochecoursen zu enger méiglecher Barriär gëtt, wann um Uarbechtsmuart eng reell Opportunitéit besteet? Gëtt et Modeller fir d’Sprooch « um Terrain » ze léieren, direkt a Kombinatioun mat enger éischter Uarbechtserfarung ?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nathalie Morgenthaler
Deputéiert