Wéi geet et weider mat der Prime informatique am Gemengesecteur?

Diane ADEHM

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden. 

Am Staatsdéngscht besteet op Basis vum Règlement grand-ducal vum 11. Mäerz 1994 d’Méiglechkeet, Fonctionnairen a Mataarbechter, déi iwwer unerkannten IT-Qualifikatioune verfügen a spezifesch Aufgaben am Informatiksberäich erfëllen, eng sougenannte „Prime informatique“ ze accordéieren.

Am Gemengesecteur schéngt et bis haut keng vergläichbar gesetzlech oder reglementaresch Grondlag fir esou eng Primm ze ginn. Dëse Sujet soll zwar tëschent dem SYVICOL, de Gewerkschaften an anere concernéierte Partner diskutéiert ginn, eng konkret Léisung schéngt awer nach net virzeleien.

A senger Äntwert vum 7. August 2025 op d’parlamentaresch Fro Nr. 2634 hat den Här Minister erkläert, datt verschidde Gemengen an der Vergaangenheet hire Mataarbechter eng Prime informatique accordéiert hätten. Gläichzäiteg hat hien uginn, datt hien sech enger Diskussioun an der Commission centrale iwwer d’Aféierung vun esou enger Primm am Gemengesecteur net géif verschléissen.

Zënter dem Akraafttriede vun den neie Bestëmmungen iwwer d’Surveillance de la gestion communale schéngt déi rechtlech Situatioun allerdéngs nach méi onsécher ze sinn. Well d’Prime informatique net ausdrécklech am gesetzlechen a reglementaresche Kader vum Gemengesecteur virgesinn ass, besteet d’Interpretatioun, datt d’Gemengeréit keng entspriechend Deliberatioun méi huele kënnen an och keng Demande fir d’Aféierung vun esou enger Primm un déi zoustänneg staatlech Autoritéit kënne weiderleeden.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Inneminister stellen:

  • Deelt den Här Minister d’Interpretatioun, datt d’Gemengen ënnert dem aktuelle gesetzlechen a reglementaresche Kader keng Prime informatique fir hir Mataarbechter kënnen aféieren?

  • Wéi eng konkret Demarchë goufen zënter der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 2634 vum 7. August 2025 an dësem Dossier ënnerholl?

  • Schafft d’Regierung den Ament un engem Gesetzesprojet oder un enger Ännerung vun de bestoende Reglementer, fir eng ausdrécklech Grondlag fir d’Prime informatique am Gemengesecteur ze schafen?

  • Gëtt et e konkrete Kalenner fir déi weider Aarbechten an dësem Dossier?

Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm
Deputéiert