Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
An engem rezenten Reportage vun RTL.lu, huet de Lycée Robert Schuman decidéiert, an de Klasse vu 7e bis 4e op de regulären Asaz vun iPads am Unterrecht ze verzichten. Dës Decisioun gouf geholl, nodeems d'Schoul an de leschte Joren Erfarunge mam systemateschen Asaz vun dësen digitalen Apparater gesammelt hat. Antëscht dierfen d'Schüler och keen Handy méi am Schoulgebai benotzen. An der Mëttespaus dierf den Handy just ausserhalb der Schoul am Gebrauch sinn
Laut dem Reportage stelle verschidden Enseignanten zanter dëser Ëmstellung eng Verbesserung vun der Konzentratioun bei de Schülerinnen a Schüler fest. Och am soziale Beräich géife sech positiv Entwécklunge weisen, notamment doduerch, datt déi Jonk an de Pausen nees méi direkt matenee kommunizéieren.
De Ministère setzt sech elo rezent dofir an, d'Notzung vu Smartphones an de Schoulen anzeschränken, fir d'Oflenkung ze reduzéieren an d'Konzentratioun souwéi d'sozial Interaktiounen ze fërderen. Gläichzäiteg ginn Tabletten an iPads a ville Lycéeë weiderhin als pedagogesch Instrumenter agesat.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:
- Ass de Ministère iwwer d'Erfarunge vum Lycée Robert Schuman informéiert, a goufen dës systematesch evaluéiert? Falls jo, wéi eng Erkenntnisser konnten dorausser gezu ginn, notamment wat d'Konzentratioun, d'Léierleeschtungen an d'sozial Interaktioune vun de Schülerinnen a Schüler betrëfft?
Weivill Ipad Klassen hu mer an eisen Lycéeën? Wéi vill Lycéeën hun Ipad-Klassen entre-temps ofgeschaaft?
- Wéi vill Lycéeën hunn an de leschten Joren den Asaz vun Ipads reduzéiert oder ganz agestallt, a wat waren déi jeeweileg Grënn dofir?
- A wéi engem Mooss kënnen déi eenzel Lycéeë selwer decidéieren, ob a wéi enge Klassen digital Apparater am Unterrecht agesat ginn? Ginn et säitens vum Ministère pedagogesch Recommandatiounen oder verbindlech Krittären, déi den Asaz vun Tabletten, notamment an den ënneschte Klassen, encadréieren?
- Am Kader vun den Efforten, fir d'Handysnotzung an d'Écranzäit am Schoulalldag ze reduzéieren, stellt sech d'Fro, ob dës Approche net och op den Asaz vun Tabletten am Unterrecht ausgedeent soll ginn; Gesäit de Minister vir, déi aktuell Strategie fir den Asaz vun digitale Léiermëttelen ze iwwerpréiwen an eventuell spezifesch Recommandatioune fir d'Klasse vu 7e bis 4e auszeschaffen, fir en ausgeglachenen Asaz vun digitalen an analoge Léiermethoden ze garantéieren?
- Wéi garantéiert de Minister, datt d'Ziler vun der Reduktioun vun der Écranzäit net duerch eng intensiv Notzung vun Tabletten am Unterrecht konterkaréiert ginn? Gëtt dobäi och déi kumuléiert Écranzäit vun de Schülerinnen a Schüler berücksichtegt, an ënnerscheet de Ministère bei senger Evaluatioun tëscht pedagogesch sënnvoller digitaler Notzung an enger Écranzäit, déi d'Konzentratioun an d'Léierverhalen negativ beaflosse kéint?
Mat déiwem Respekt,