Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
D’Bëscher zu Lëtzebuerg sinn net nëmme wichteg Erhuelungsraim, mee ginn och reegelméissegam Kader vu pedagogeschen Aktivitéite vu Schoulen, Crèchen, Maison-Relaisen an anere vun der Aide à l’enfance konventionéierte Betreiungsstrukture genotzt. Esou Aktivitéite kënnen dobäi souwuel op den offizielle Weeër wéi och, mam Accord vum Proprietär, op anere Plazen am Bësch stattfannen.
Den Artikel 4 vum Bëschgesetz vum 23. August 2023 gesäit vir, dass Persounen, déi sech an de Bësch beginn, déi typesch Risike vun dësem natierlechen Ëmfeld akzeptéieren.Gläichzäiteg kann d’zivilrechtlech Responsabilitéit vun de Proprietären am Fall vu Schied, déi am Zesummenhang mam Openthalt oder der Zirkulatioun am Bësch entstinn, nëmmen engagéiert ginn, wann hinnen eng direkt Schold nogewise ka ginn.
Bei organiséierten Aktivitéite mat mannerjärege Kanner stellt sech allerdéngs d’Fro, wéi dës Bestëmmungen applizéiert ginn a wéi d’Responsabilitéit am Fall vun engem Accident tëscht de verschiddenen Acteure verdeelt ass.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Wien dréit d’Responsabilitéit, wann e Kand am Kader vun enger organiséierter Aktivitéit vun enger Schoul, Crèche oder anere vun der Aide à l’enfance konventionéierte Betreiungsstruktur am Bësch verletzt gëtt, zum Beispill duerch en Aascht deen natierlech v un engem Bam eroffält? Wéi verdeelt sech a sou engem Fall d’Responsabilitéit tëscht dem Proprietär, der Schoul oder Betreiungsstruktur, der Gemeng, den Elteren an dem Organisateur?
Gëllt d’Akzeptanz vun de Risike vum Bësch, wéi se am Artikel 4 vum Bëschgesetz virgesinn ass, och fir mannerjäreg Kanner, déi am Kader vun enger organiséierter a betreiter Aktivitéit am Bësch ënnerwee sinn?
Ännert sech d’Responsabilitéit, wann de Proprietär enger Schoul, Crèche oder anerer vun der Aide à l’enfance konventionéierter Betreiungsstruktur ausdrécklech erlaabt, hir Aktivitéiten ausserhalb vun den offizielle Weeër am Bëschduerchzeféieren? Falls jo, féiert esou eng Autorisatioun dozou, dass de Proprietär zousätzlech Responsabilitéiten iwwerhëlt?
Vu dass Visitten an Aktivitéiten am Bësch e wichtege pedagogesche Wäert fir Kanner hunn, gesäit d’Regierung am aktuelle gesetzleche Kader genuch Rechtssécherheet fir Proprietären an edukativ Strukturen, fir dass esou Aktivitéiten och an Zukunft kënne weidergefouert ginn?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.