Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Et ass elo nees déi Zäit am Joer an där d’Gemengeréit aus den 100 Gemengen aus dem Land d’Enseignantë vun der éischter Lëscht wiele fir Schoul an de jeeweilege Gemengen ze halen.
D’Enseignantë ginn dobäi op enger Lëscht hir Prioritéiten un a wéi enger Gemeng a fir wéi ee Posten si wëlle schaffen.
Donieft ginn déi regional Schouldirektioun an natierlech och déi jeeweileg Schoulen hir Contributioun wéi eng Kandidatinnen a Kandidaten sollen am Gemengerot gestëmmt ginn. Et ass awer eng vun de Prerogativen vum Gemengerot fir d’Enseignanten ze bestëmmen.
Vu datt awer zënter ville Joren, d’Gemengen och net méi d’Léierpersonal bezuelen an eigentlech just nach fir d’Schoulgebaier zoustänneg sinn, drängt sech d’Fro ëmmer méi op, firwat d’Gemengeréit nach ëmmer d’Léierpersonal stëmme mussen. Dëse Vott bezitt sech och exklusiv fir d’Enseignanten déi op der 1. Lëscht gestëmmt ginn.
Wann e Posten deen op der 1. Lëscht net konnt besat ginn, gëtt dësen op d‘2. Lëscht gesat an d’Schouldirektioun bestëmmt wien de Poste kritt.
De Regierungsprogramm 2023-2028 gesäit ënnert anerem och Diskussioune ronderëm d’Opdeelung vun de Kompetenzen tëscht de Gemengen a dem Educatiounsministère vir, deen och d’Gestioun vun de Ressources humaines soll betreffen.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Ass de Minister der Meenung, datt d’Responsabilitéit fir d’Rekrutement vum Léierpersonal soll bei där Instanz leien, déi och d’Personal geréiert a bezilt? Falls nee, wat sinn d’Argumenter fir un der aktueller Kompetenzopdeelung festzehalen?
Wou sinn d’Diskussiounen iwwer déi Ëmverdeelung vun de Kompetenzen drun? Wäert do fir d’Schouljoer 2027/2028 déi eng oder aner Ännerung kommen? Fall net, firwat ass dat esou?
Wéi eng Positiounen hunn déi concernéiert Acteuren (Gemengen, Schouldirektiounen, Gewerkschaften a Vertrieder vum Léierpersonal) am Kader vun den Diskussiounen iwwer eng méiglech Reform ausgedréckt? Ginn et Gemengen déi sech géint eng nei Opdeelung vun de Kompetenzen am Rekrutement vum Léierpersonal wieren?
Firwat gëtt et en Ënnerscheed am Rekrutement vum Léierpersonal op der 1. Lëscht an op der 2. Lëscht? Wier et net méi sënnvoll déi zwou Prozeduren ze harmoniséieren?
Wéi vill Mol ass et an de leschte fënnef Joer virkomm, datt e Gemengerot net der Recommandatioun vun der regionaler Schouldirektioun oder der concernéierter Schoul gefollegt ass? Kann de Minister dës Donnéeën no Joer opgeschlësselt zur Verfügung stellen?
Här President, mir bieden Iech, onse déifste Respekt unzehuelen.