Sinn d’Previsioune fir d’Neizouloossunge vun Elektroautoen mam PNEC-Zil fir 2030 vereenbar?

Här President,


Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.


Den nationale Klima- an Energieplang (PNEC) gesäit vir, datt bis 2030 insgesamt 49 % vum Automobilpark vun de Residenten aus reng elektreschen Autoen oder Plug-in-Hybrid-Gefierer bestoe sollen. An der Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun vum 23. September 2026, an där ënner anerem d'Verlängerung vum Bäihëllefsregimm „Klimabonus Mobilitéit“ virgestallt gouf, huet de Ministère budgetär Previsioune fir d'Joren 2026 bis 2030 presentéiert, déi sech op insgesamt 368 Milliounen Euro belafen.


Dës Previsioune baséieren op enger progressiver Erhéijung vum Marchésundeel vun neien, reng elektreschen Autoen, vun 30 % am Joer 2026 op 35 % am Joer 2027, 40 % am Joer 2028, 45 % am Joer 2029 a 50 % am Joer 2030. Allerdéngs bezéien sech dës Previsiounen ausschliisslech op d'Neizouloossunge vu reng elektreschen Autoen, wärend d'Zil vum PNEC de gesamten Automobilpark betrëfft, also och déi Gefierer, déi haut schonn am Ëmlaf sinn.


D'Erreeche vun dësem Zil hänkt deemno net nëmme vum Marchésundeel vun neien Elektroautoen of, mee och dovun, wéi séier den Automobilpark erneiert gëtt, wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor aus dem Verkéier geholl ginn a wéi sech de Marché vun de Gebrauchtween entwéckelt.


An deem Kontext wéilte mir follgend Froe stellen:


1. Kohärenz mam PNEC-Zil: Kann den Här Minister erklären, wéi déi prognostizéiert Marchésundeeler vun neien, reng elektreschen Autoen, déi tëscht 30 % am Joer 2026 a 50 % am Joer 2030 leien, mat dem Zil vum PNEC vereenbar sinn, bis 2030 en Undeel vu 49 % Elektroautoen a Plug-in-Hybrid-Gefierer am gesamten Automobilpark ze erreechen?


2. Projektioun vum Automobilpark: Op Basis vun den Hypotheesen, déi den 23. September 2026 an der Kommissioun presentéiert goufen, wéi héich schätzt de Ministère den Undeel vun de reng elektreschen Autoen a Plug-in-Hybrid-Gefierer am gesamten Automobilpark jeweils den 31. Dezember vun de Joren 2026, 2027, 2028, 2029 an 2030? Kann den Här Minister dës Projektioune souwuel a Prozenter wéi och an absolutten Zuele matdeelen, an dobäi tëscht reng elektreschen Autoen a Plug-in-Hybrid-Gefierer ënnerscheeden?


3. Méiglechen Ecart zum PNEC-Zil: Wéi vill reng elektresch Autoen a Plug-in-Hybrid-Gefierer (jeweils an absolutten Zuelen) sinn de Berechnunge vum Ministère no am Joer 2030 zu Lëtzebuerg am Ëmlaf? Wéi grouss wier eventuell e méiglechen Ecart, souwuel an absolutten Zuele wéi och a Prozentpunkten, zu dem viséierten PNEC-Zil?


Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten
Paul Galles
Deputéierten