No wéi enge Critèrë ginn d'Schülerinnen a Schüler an d'7e classique zougewisen, wann hir Demande fir e gewënschte Lycée net ugeholl gëtt?

Paul GALLES

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. 

An de leschten Deeg goufen et bei Elteren aus dem Quartier Bouneweg eng Rei Froen a Suerge ronderëm d’Orientatioun an d’Zouweisung vu Kanner aus dem Cycle 4.2 an d’7e classique.

No Informatiounen, déi eis erreecht hunn, sollen Demande fir eng 7e classique um Geesseknäppche respektiv um Lycée zu Lampertsbierg a verschiddene Fäll net ugeholl gi sinn. D’Dossiere vun de concernéierte Schülerinnen a Schüler wieren duerno un de Lycée zu Bouneweg transferéiert ginn, dee mat senger neier Section classique als Lycée de proximité ugesi gëtt.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann den Här Minister präziséieren, no wéi enge Critèren d’Zouweisung vun de Schülerinnen a Schüler an eng 7e classique gemaach gëtt, wann d’Familljen eng Demande fir e bestëmmte Lycée agereecht hunn?

  • Wéi vill Demande fir eng 7e classique um Geesseknäppche respektiv um Lycée zu Lampertsbierg goufen dëst Joer net ugeholl, a wéi vill vun dësen Dossiere goufen un de Lycée zu Bouneweg transferéiert?

  • Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Eltere kloer an transparent iwwer d’Grënn vun enger refuséierter Demande an iwwer déi weider Prozedur informéiert ginn?

  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Familljen, wann si mat enger automatescher Zouweisung un e Lycée de proximité net averstane sinn?

  • Huet de Ministère Kenntnis dovun, ob et dëst Joer och op anere Plazen oder an anere Lycéeën zu änleche Situatioune komm ass, bei deenen eng Demande an engem gewënschte Lycée net ugeholl goufen an d’Dossieren duerno un e Lycée de proximité transferéiert goufen?

Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

                                          

Paul Galles,
Deputéierten