Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro betreffend de Prozeduren am Ëmweltberäich an der Ëmsetzung vun neie Bauprojeten, respektiv vu neie PAP’en un den Här Innenminister an un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
Dëst an awer och déi lescht puer Joer ware gekennzeechent duerch eng zolidd Baukris. Dës Kris huet natierlech verschidde Faktoren déi net aleng op verschidden national Prozeduren oder Gesetzer zréck ze féiere sinn. D’Logementskris an d‘Kris um Bau si Realitéiten déi d’Politik an awer och eis ganz Gesellschaft an Otem halen. Am Kader vum Etat de la Nation an och wärend der Tripartite hunn dës Sujeten eng bedeitend Roll gespillt.Mir brauche méi Wunnraum fir dem stännege Wuesstem kënnen nozekommen. Den Ëmweltschutz muss bei all Fro vu Wuesstem och ëmmer mat consideréiert ginn dëst steet natierlech ausser Fro. Et stellen sech awer reegelméisseg Froen iwwert Geneemegungen vu Ministèren an Administratiounen déi net an engem Gesetz an och net an enger Prozedur zréck ze fanne sinn. Bei esou Froe sollt eigentlech de Pragmatismus spille fir verschidde Projeten net onnéideg auszebremsen.
An dësem Sënn hätt ech e puer praktesch Froen un den Ëmwelt- wéi och un den Inneminister. A Bezuch op Neibauprojeten mussen natierlech d’Virgabe vun der Wasserrahmenrichtlinn wat d’Ofwaasserfrachten op d‘Kläranlagen ugeet agehale ginn.
Gi mir vun der Virgab aus datt e Projet fir d’Capacitéiten (EGW – Einwohnergleichwerter) vun enger Gemeng gestëmmt gëtt an datt dëse Projet innerhalb vun enger Frist vu 24 Méint nom Vote ëmgesat gëtt. Déi momentan Klärcapacitéiten sinn awer nach héich genuch fir eng propper Klärung z’assuréieren.
Wéi gesäit d’Geneemegungsprozedur vu Säite vum Waasserwirtschaftsamt bei dëser Fro oder Constellatioun vun Ëmsetzung aus?
Wat Prozedur ugeet ginn et dräi verschidden Etappen:
Déi éischt Phas ass d’Ausschaffe vun engem Projet wat d’Eropsetze vun de Klärcapacitéiten mat finalem Vote am Gemengerot ugeet. Déi zweet Phas ass d’Ausschreiwung vun den Aarbechten. Déi drëtt Phas ass d’Ëmsetze vun den Aarbechte mat Abnahm vun den Aarbechten.
Hei dann eng Rëtsch u Froen un den Ëmweltminister wéi och un den Inneminister:
- Här Ëmweltminister kann d’Wasserwirtschaftsamt am Kader vun der éischter Phas de Volet vun der Waasserwirtschaft bei engem PAP-NQ fir gutt heeschen, bien en sachant datt d’Aarbechte wat d’Eropsetze vun de Klärcapacitéiten ugeet an engem Zäitraum vu 24 Méint ofgeschloss sinn?
- Här Ëmweltminister kann d’Waasserwirtschaftsamt am Kader vun der éischter Phas engem Bauprojet gréng Luucht ginn, bien en sachant datt d’Aarbechte wat d’Eropsetze vun de Klärcapacitéiten ugeet an engem Zäitraum vu 24 Méint ofgeschloss sinn?
- Sollt eng Geneemegung am Kader vun der éischter Phas vu Säite vum Waasserwirtschaftsamt, souwuel bei engem PAP-NQ wéi och bei engem gréissere Bauprojet, deen an der Reegel 24 bis 36 Méint Bauzäit brauch, net zoustëmmen da stellt sech natierlech d’Fro op déi zweet oder räicht déi drëtt Phas als Geneemegung fir e PAP-NQ wéi och e Bauprojet a Fro kënnt?
- Wéi steet den Ëmweltminister zu dëse Froen?
- Wier et net opportun zumools an Zäite wou d’Bauwirtschaft net gutt bis schlecht dréint eng pragmatesch Léisung ze fannen, andeems eng Geneemegung schonn an der éischter Phas ausgeschwat gëtt, mat der Virgab datt d’Klärcapacitéiten bis zur Inbetriebnahm vun de Bauten natierlech ugepasst musse sinn?
Un den Inneminister wollt ech d’Fro stellen ob d’Ëmsetzung vun engem Projet fir d’Klärcapacitéiten an engem kuerzfristegen Zäitraum vu bis zu 24 Méint z’erhéijen, d’Ausschaffe vun engem Masterplang mat „remembrement urbain“ bei engem PAP-NQ kann hypothekéieren oder brooch leeën?
Un déi zwee Ministere wollt ech d’Fro stellen ob eng administrativ Vereinfachung a pragmatescht Denken a Fäll vu verschiddene Grozonen net sollt Hand an Hand goen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.