Hëllef fir d'Astelle vu Saisonsaarbechter

Octavie MODERT

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister, souwéi un d’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Ausgangs November 2025 huet den Aarbechtsminister e Gesetzesprojet abruecht iwwert verschidde Vereinfachunge beim Astelle vun de SaisonsaarbechterInnen an de Secteure vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an dem Uebst- a Geméisbau. D’Baueren, Wënzer a Gäertner sinn effektiv op dës Hëllefskräften ugewise fir verschidden Ernteaarbechten, déi an enger ganz kuerzer Zäit iwwert d’Bün goe mussen.

Den 10. Juli vun dësem Joer huet de Staatsrot säi Gutachten zu dësem Projet ofginn, an en huet keng gréisser inhaltlech Kriticke gemaach, sou dat dem Gesetz näischt méi am Wee steet.

Allerdéngs huet dësen Zäitplang et net méi erlaabt, d’Gesetz virum Summer ze stëmmen. Dat ass natierlech e grousse Problem besonnesch fir d’Wënzer, well et deemno net fir d’Lies vun dësem Joer a Kraaft ass; dat kann elo fréistens Mëtt Oktober de Fall sinn, wann d’Drauwelies eriwwer ass, wou traditionell op Saisonskräften zréckgegraff gi muss.

An deem Kontext well ech den Här Aarbechtsminister, an och d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet wéinst verschiddenen Dispositioune vum Text, froen, wéi si gedenke virzegoen, fir dem Wäibausektor fir d’Drauwelies am September vun dësem Joer entgéint ze kommen, well d’Wënzer sech legitimmerweis drop astelle konnten, dat si dësen Drauwenhierscht den neie Moossnamen, wéi se am Gesetzesprojet virgesi sinn, no handele kënnten?

Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Octavie MODERT
Deputéiert