Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech biede follgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister, den Här Aarbechtsminister an un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Mënsche mat enger mentaler oder kierperlecher Beanträchtegung hunn et oft méi schwéier fir um Aarbechtsmarché eng Aarbecht ze fannen.
Et gi Foiren organiséiert fir et Mënsche mat enger Behënnerung ze erméiglechen an engem Beruff Fouss ze faassen. Menges Wëssens no sinn op deene Foiren awer just Träger aus dem soziale Secteur an Ateliers protégés vertrueden.
Vill Mënsche mat Beanträchtegung sinn wuel fit fir eng Aarbecht um éischten Aarbechtsmarché, awer kréie keng richteg Chance well et keng gemeinsam Foire gi fir jiddereen, fir déi ganz schoulesch Offer esou wéi déi komplett Offer um Aarbechtsmarché ze presentéieren.
Am Sënn vun der Inklusioun vu Mënsche mat Beanträchtegungen ass et wichteg datt keen ausgeschloss gëtt, an datt jidderee vun den néidegen Informatioune soll profitéiere kennen. E Beispill ass déi rezent Schoulfoire déi parallel zu enger Jobfoire fir Mënsche mat Beanträchtegung statt fonnt huet.
An dem Kontext, géing ech gaeren folgend Froen un den Här Educatiounsminister, den Här Aarbechtsminister an den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummenliewn an Accueil stellen :
1) Firwat ginn et hei zu Lëtzebuerg keng grouss Foiren déi sech u jiddereen am Land riichten? Gett et spezifesch Grënn firwat Schülerinnen a Schüler mat enger Beanträchtegung vun der Schoulfoire ausgeschloss sinn a firwat eng speziell Foire Atelier d'insertion professionnelle (AIP)/Centre de Propédeutique Professionnelle (CPP) /Ministère de la famille fir si parallel zur Schoulfoire stattfënnt?
2) Ass virgesinn, zukünfteg Schoul-, Ausbildungs- an Aarbechtsfoiren esou ze organiséieren, datt se fir all Biergerinnen a Bierger gemeinsam zougänglech sinn, onofhängeg dovun, ob eng Beanträchtegung virläit oder net?
3) Wéi vill Betriber aus dem éischten Aarbechtsmarché waren op de leschte Foiren, déi speziell fir Mënsche mat enger Beanträchtegung organiséiert goufen, vertrueden?
4) Wéi vill Mënsche mat Beanträchtegung hunn eng Aarbecht um éischten Aarbechtsmarché a wéi vill sinn der am AIP ageschriwwen?
5) Wéi vill Leit mat enger Beanträchtegung si bei der ADEM ageschriwwen a weivill dovunner hun eng Orientatioun an een AIP?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Deputéiert